Op den Inhalt sprangen

Victor Dondelinger

Vu Wikipedia
Victor Dondelinger
Gebuer 9. Mäerz 1854
Iechternach
Gestuerwen 8. Oktober 1939
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

De Victor Michel Dondelinger, gebuer den 9. Mäerz 1854 zu Iechternach, a gestuerwen den 8. Oktober 1939 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur.

No sengem Secondaire am Iechternacher Kolléisch an am Stater Atheneum, huet hien zu Karlsruhe en Ingenieursstudium ugefaangen, dat hien 1880 ofschléisse konnt.

Den Ingenieur

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems en nees zu Lëtzebuerg war, huet de Vic. Dondelinger eng kuerz Zäit fir de staatleche Landbauingenieur geschafft, duerno stoung hien dem Jean Meyer, dem Cheemiker vun der Eecher Schmelz, bei de Preparative fir de Bau vun der Diddelenger Schmelz zur Säit.

Vun 1883 bis 1888 war hien zu Paräis als Zivil-Ingenieur bei der Eisebunn. 1888 huet hien den Exame fir Kondukter beim Staat gemaach a koum bei d'Bauverwaltung op Dikrech.

1894 huet hien den Exame fir Ingenieur an der Bauverwaltung ze gi gepackt, an 1895 huet hien de Poste vum staatleche Minnen-Ingenieur (ingénieur des mines) iwwerholl, fir d'éischt provisoresch, a vun 1896 un definitiv, bis zu senger Pensioun am Joer 1923. A senger Funktioun als Minnen-Ingenieur war hie Member vum “Conseil supérieur de(s) mines”, deen 1916 agesat gi war.

De Pionéier vum Iechternacher Tourismus

[änneren | Quelltext änneren]

De Vic. Dondelinger huet als jonken Ingenieur zu Iechternach, wou säi Papp, de Michel Dondelinger, Baukondukter war, déi touristesch Infrastrukturaarbechte geleet, déi de Staat am Joer 1880 an der Äsbech maache gelooss huet. Hien huet de Plang fir d'Uleeë vun engem Touristepad vum Trooskneppchen duerch d'Wollefsschlucht bis an d'Aesbech gezeechent an och fir den Iechternacher Verschéinerungsveräin d'Exekutioun dovun dirigéiert (1880/1881).

De Vic. Dondelinger war den éischte Sekretär (1880/1881) vum Iechternacher Verschéinerungsveräin.

De President vum Ingenieursveräin a vum Touring Club

[änneren | Quelltext änneren]

De Vic. Dondelinger war Grënnungsmember vun der “Association des ingénieurs” (haut: “Association luxembourgeoise des ingénieurs, architectes et industriels”), déi de 27. Mäerz 1897 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass. Vun 1911 bis 1914 war hien de President vun deem Veräin.

Donieft war hie ganz aktiv am 1896 gegrënnten Touring Club, deen hie vun 1905 u bis Ufank Mäerz 1939 presidéiert huet.

De Vic. Dondelinger war donieft “membre effectif” vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal, an déi hien am Joer 1904 opgeholl ginn ass.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Exposition de l'Administration des mines: notice / par Victor M. Dondelinger. - Luxembourg: Th. Schroell, [1900]. - 22 p. Dans le cadre de l'Exposition universelle de 1900. Groupe XI, classe 63: mines et métallurgie.
  • Profils-coupes du développement normal du triasique et du jurassique dans le golfe lorrain-luxembourgeois: aide-mémoire publié à l'occasion de la session extraordinaire de la Société géologique de Belgique, tenue aux journées des 9, 10, 11, 12 et 13 septembre 1906 dans le Grand-Duché de Luxembourg / [V. M. Dondelinger]; [éd.:] Administration des mines. - Strasbourg: Impr. strasbourgeoise, 1906. - 1 vol. (non paginé).
  • Die Minette im Grossherzogtum Luxemburg / von Victor M. Dondelinger. - Stockholm: Centraltryckeriet, 1910. - P. 43-46 (Sonderdruck von: The iron ore resources of the world. - Stockholm. - 1910, p. 43-46).
  • Les concessions minières dans le Grand-Duché de Luxembourg / par Victor M. Dondelinger. - Luxembourg: Ch. Beffort, 1912. - 60, XI p.
  • Anonyme, 1939. Victor-Michel Dondelinger †. - In: Revue technique luxembourgeoise. Luxembourg. Année 31(1939), Nr. 5: 127-128.
  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce vum Victor-Michel Dondelinger am Escher Tageblatt vum 9. Oktober 1939