Satellittebus
Als Satellittebus, Satellitteplattform oder Service-Modul bezeechent een d'Versuergungseenheet vun engem Satellit oder enger Raumsond, déi de Betrib vun der tatsächlecher Notzlaascht erméiglecht (par Analogie zum Raumschëff). Dobäi bleift de Satellittebus gréisstendeels d'selwecht a gëtt nëmmen un d'entspriechend Notzlaascht ugepasst, wouduerch d'Entwécklungskäschten deementspriechend falen. Besonnesch heefeg gi se fir Kommunikatiounssatellitten agesat, wougéint Fuerschungssatellitten éischter Spezialkonstruktioune sinn.
Opbau
[änneren | Quelltext änneren]E Satellittebus besteet aus der mechanescher Grondstruktur als Droelement fir déi verschidde Subsystemer. Dat gëtt bei der Entwécklung fir d'éischt festgeluecht a bestëmmt déi spéider Konfiguratioun vum Satellittebus an domat déi vum op dem Bus opgebaute Satellit. Si hëlt déi statesch an dynamesch Laaschte beim Start a Betrib vum Satellit op an ass och fir d'Schwéngungs- an d'Resonanzverhale vum Satellittebus an a graffen Zich fir dat thermaalt Verhale verantwortlech. An déi Primärstruktur ginn dann d'Subsystemer integréiert, wéi Energieversuergung (Solarzellen, Akkumulatoren), d'Temperaturkontrollsystem, d'Undriffssystem fir d'Lag- a Positiounsreegelung (Bunnreegelung) an de Bordrechesystem fir Steierung an Datenmanagement. Bei bemannte Satellitte kënnt nach de Liewenserhalungssystem dobäi.
Technesch Date vu verschiddene Plattformen
[änneren | Quelltext änneren]Déi bekanntst Ubidder fir Satellitteplattforme si Boeing, Space Systems/Loral, Thales Alenia Space an EADS Astrium. Si ënnerscheeden sech ausser an hirer Gréisst, Leeschtung a Präis virun allem an hirer Liewensdauer an an hiren Ausriichtungen op speziell Aufgaben.
Ubidder | Bezeechnung | Notzlaascht | Total Mass | Elektresch Leeschtung |
Asazgebitt | Liewensdauer Joer | Asaz Bemierkungen |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Boeing | Boeing 376 (BSS oder HP) | ongef. 24 Transponder | 1 bis 1,75 t | 0,8 kW 2,0 kW |
GEO | ongef. 10 | Verschidde Solarzellentyppen, Spinstabiliséiert[1] |
Boeing | Boeing 601 (BSS oder HP) | bis 48 (LS) oder 60 (HP) Transponder | 2,5 bis 4,5 t | 4,8 kW 10 kW (HP) |
GEO/MEO | ongef. 15 | GaAs Solarzellen, optional Ionenundriff |
Boeing | Boeing 702 | 4,5 – 6,5 t | 7-18 kW | GEO | ongef. 15 | GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO | |
Boeing | Boeing 702 MP | 5,8 – 6,16 t | 13,6-18 kW | GEO | ongef. 15 | GeAs Solarzellen, Ionenundriff am GEO | |
Boeing | Boeing 702 SP | ca. 1,8 t | 3-8 kW | GEO | etwa 15 | GeAs Solarzellen, nëmme Ionenundriff | |
SS/L | LS 1300 | 5-15 kW | GEO | 15? | SpainSAT | ||
SS/L | LS 400 | ? | 450 kg | 1,1 kW | GEO | 7 | |
Orbital Science | STAR Bus | 200 .. 500 kg | 5 kW | GEO | 15 | Intelsat 16 | |
OHB Technology | SmallGEO[2] | 300 kg | 3 kW | GEO | 15 | elektreschen Undriff | |
TAS | Spacebus 3000 | GEO | |||||
TAS | Spacebus 4000 | 3,0 – 5,9 t | bis 15,8 kW (bis 11,6 kW Notzlaascht) | GEO | 15 | ||
Astrium | Eurostar E2000+ | 550 kg | 3,4 t | 4-7 kW | GEO | 12 | |
Astrium | Eurostar E3000 | 4,8 – 6,0 t | 12 kW | GEO | 15 | optional elektreschen Undriff | |
TAS+Astrium | Alphabus | max. 2 t | max. 8,8 t | max. 22 kW | GEO | 15 | cheemeschen an elektreschen Undriff[3] |
Astrium | Flexibus | LEO | |||||
Astrium | Gammabus | 300 kg | 1,8 kW | LEO | |||
Astrium-SAS | Pleiades | 300 kg? | 600 kg | 1,4 kW | LEO | 7 | |
TAS | Proteus[4],[5] | 500 kg | 0,5 kW | LEO | 5 | Jason, CALIPSO, SMOS | |
Astrium-SAS/CNES | Myriade[6] | 80 kg | 0,06 kW | LEO | 2 | SPIRALE, Picard | |
Astro- und Feinwerktechnik | TET | 50 kg | 120 kg | 0,07 kW bis 0,16 kW (Notzlaascht, kuerzzäiteg) |
LEO | ongef. 10 | Technologieerprouft |
Lockheed Martin | A2100 | 2,8 bis 6,6 t | 1-15 kW | GEO | 15 | USA 207 | |
ISS Reshetnev | Ekspress-1000 | 0,75 bis 1,6 t | ? kW | GEO | 10 bis 15 | Lutsch 5A, B[7],[8],[9] | |
CAST | DFH-4 | max. 488 kg | 5 bis 5,2 t | 10,5 kW | GEO | 15 | Paksat 1R[10],[11] |
Mitsubishi Electric | DS-2000 | 5 bis 5,2 t | 10,5 kW | GEO | 15 | Türksat 4A[12],[13] |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Thales Alenia Space
- Space System Loral
- LS 1300
- EADS Astrium
- Boeing 376
- Boeing 601
- Boeing 702
- Space Systems Loral: LS-1300
- OHB-System Small Geo
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Hughes / Boeing: HS-376 / BSS-376 (Gunter's Space Page)
- ↑ DLR - SmallGEO-Plattform Archivéiert de(n) 2015-11-17. Gekuckt de(n) 2014-12-06.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2012-08-04. Gekuckt de(n) 2014-12-06.
- ↑ Proteus op Gunters Space Page
- ↑ Proteus bei CNES Archivéiert de(n) 2011-10-10. Gekuckt de(n) 2014-12-06.
- ↑ CNES: Myriade
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sat/npopm_ekspress-1000.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/luch-5a.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/amos-5.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sat/ch__dfh-4.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/paksat-1r.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sat/melco_ds-2000.htm
- ↑ http://space.skyrocket.de/doc_sdat/turksat-4a.htm