Periodizitéit (Mathematik)
D'Periodizitéit, den Turnus oder Widderhuelung bezeechent allgemeng d'Eegeschaft vun enger Saach oder engem Virgank, deen eng gewësse Reegelméissegkeet opweist. D'reegelméisseg Rei vun Evementer ass en Zyklus. Periodizitéit ass "déi reegelméisseg Widderhuelung vu gewëssen Evenementer no Verlaf vun enger bestëmmter Zäit, wéi si z. B. am Kreeslaf vun de Joreszäiten z'observéieren ass."[1]
Am Fall vun enger zäitlecher Periodizitéit mécht d'Frequenz eng Ausso driwwer, wéi dacks sech dat Evenement an enger bestëmmter Zäitdauer widderhëlt, respektiv d'Periodendauer (dacks kuerz nëmmen: Period) driwwer, wéi grouss d'Zäitdauer tëschent zwéin Evenementer ass. Bei zäitlecher Periodizitéit gëtt de Begrëff Zyklus ëmgangssproochlech och fir Period benotzt, wat zu Verwiesselunge féiere kann.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]Allgemeng Beispiller:
- Mathematik: An der Mathematik nennt een d'Optriede vu sech widderhuelender Wäerter Periodizitéit an déi entspriechend Funktiounen periodesch Funktiounen
- Chimie: De cheemesche Periodesystem beschreift Reegelméissegkeete vun den Atomstrukturen
Vun zäitlecher Periodizitéit schwätzt ee bei:
- Joreszäiten: Fréijoer, Summer, Hierscht, Wanter
- Liewenszyklus: Gebuert, Liewen, Doud
- Gezäiten: Ebbe a Flut
- Astronomie: Revolutiounsperiod, Sarosperiod (↔ Saroszyklus), Sonnenzierkel, Moundzierkel
- Amtszäit: Déi a gläichen Zäitdeeler zeréckkommend Amtszäit vun Organen oder Funktiounsdréier gëtt an der Politik och Amtsperiod genannt
- Kalenner: Metonperiod (↔ Metonzyklus)