New Millennium Program
Den New Millennium Program (NMP, lëtz. Neit-Joerdausend-Programm) ass zanter 1995 en Entwécklungsprogramm vun der NASA, am Kader vun deem Raumfaarttechnologië fir dat neit Joerdausend gepréift solle ginn. D'Missioune vum Programm dénge primär der Technologieerprouwung an nëmme sekundär der Fërderung vu wëssenschaftlechen Usiichten. Den New Millienium Program gëtt vum Jet Propulsion Laboratory organiséiert.
Ufanks waren d'Missiounen an d'Gruppen Deep Space (DS) fir interplanetar Missiounen an Earth orbiting (EO) fir Missiounen am Äerdorbit ënnerdeelt. No enger Reorganisatioun vum Programm goufen all weider Missiounen als Space Technology (ST) bezeechent.
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Follgend Missioune stinn um New Millennium Program:
Gestart:
- Deep Space 1 - eng Raumsond fir e Ionenundriff ze préifen - Start de 24. Oktober 1998 mat enger Delta-II-Rakéit - D'Missioun war erfollegräich.
- Deep Space 2 - zwou Penetrator-Sonde fir d'Marserfuerschung - Start den 3. Januar 1998 mat enger Delta-II-Rakéit zesumme mat der Marssond Mars Polar Lander - Missioun net gelongen.
- EO-1(Earth Observing-1) - e Satellit fir en neien Äerdobservatiounssensor ze préifen, de Advanced Land Imager (ALI)- Start war den 21. November 2000 mat enger Delta-II-Rakéit.[1],[2]
- ST-6ASE - Experiment fir d'autonom Aufgabenerfëllung vu Satellitten - Software-Experiment, dat mat dem EO-1-Satellit ausgefouert gouf.
- Space Technology 5 (NCT - Nanosat Constellation Trailblazer) - Test vum Formatiounsfluch vun dräi Klengstsatellitten - Erfolgräiche Start mat enger Pegasus-XL-Rakéit den 22. Mäerz 2006.
- ST-6ISC - Experimentelle Stäresensor an TacSat-2 - Start de 16. Dezember 2006 mat enger Minotaur-1-Rakéit.
Agestallt:
- EO-2 (SPARCLE) - Laserinstrument fir Atmosphärefuerschung - aus Budgetsgrënn 1998 agestallt.
- ST-3 (fréier DS-3) - Duebelsatellit fir d'Teste vun interferometresche Stärobservatiounstechniken - aus Budgetsgrënn zum Labor-Experiment reduzéiert.
- ST-4 (Champollion, fréier DS-4) - Missioun fir d'Fuerschung vu Koméiten - aus Budgetgrënn 1999 agestallt.
- EO-3 (GIFTS) - Geostationäert Instrument fir Wiederobservatioun – gouf agestallt.
- ST-8 – Tester vu verschiddenen Technologien (Computersystemer, Konstruktiounsstrukture fir Solarzellen, Mastelementer fir Sonnesegelen ë. a., Wäerm-Kontroll-System) - de Start op enger Pegasus-XL war fir den 28. Februar 2009 geplangt. An der Tëschenzäit agestallt.
Geplangt:
- ST-7 - Ausprobéiere vun Technologië fir d'Laser Interferometer Space Antenna (LISA) Missioun - Start fir 2014 geplangt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Portal Astronomie weider NASA-Programmer:
- Discovery-Programm
- New-Frontiers-Programm
- Earth Observing System
- Mars-Scout-Programm
- Centennial Challenges Programm
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: New Millennium Program – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Earth Observing-1@nasa.gov
- ↑ Advanced Land Imager@nasa.gov (ofgeruff den 12. Oktober 2010)