Munzen
Ausgesinn
Munzen | |
---|---|
Munzen op engem Bild vum Joseph Kutter (ca. 1935) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Munshausen de: Munshausen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 253 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 857,84 ha |
Héicht | 459 m |
Koordinaten | 50°1'58,48"N, 6°2'15,04"O |
Munzen ass eng Uertschaft an der Gemeng Klierf. Bis Enn 2011 war et den Haaptuert vun der Gemeng Munzen, déi du mat Klierf fusionéiert huet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Duerf Munzen ass zanter laangem wäit iwwer seng Grenzen eraus bekannt, besonnesch wéinst senger Kierch, där hir eelsten Deeler aus dem 13. Joerhonnert sinn, oder wéinst dem Haupeschmaart, dee bis an d'17. Joerhonnert zeréckgeet.
Munze gouf eng éischt Kéier am Joer 839 ernimmt als Muniheistati in Arduenna. Aner Nimm waren 1404 Monshusen, 1417 Moinshuis, 1419 Muynshusen, 1527 Muentzhusen a 1598 Muntzhausen. Vum Joer 986 un a bis zum Enn vum Mëttelalter war Munzen zesumme mat Housen eng eenzeg Par, awer mat zwou getrennte Verwaltungen.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- de Fräiliichtmusée "A Robbesscheier", um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter;
- d'Parkierch vu Munzen (13. Joerhonnert bis 18. Joerhonnert), klasséiert nationaalt Monument;
- Zwou bemierkenswäert Eechen zu Munzen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Haupeschmaart
- Naturpark Our
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Munzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |