Op den Inhalt sprangen

Jeannette Goergen

Vu Wikipedia
Jeannette Goergen
Gebuertsnumm Jeannette Philipp
Gebuer 30. November 1947
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bouschéisser
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1984, Olympesch Summerspiller 1992

D'Jeannette Goergen, gebuer als Jeannette Philipp den 30. November 1947 zu Iechternach, ass eng fréier lëtzebuergesch Bouschëtzin an Olympionickin.[1]

D'Jeannette Goergen ass zimmlech spéit, mat 31 Joer, an éischter duerch Zoufall zum Bouschéisse komm. Wärend enger Vakanz am spuenesche Cadaqués huet si d'Bouschéissen ausprobéiert a Freed dru fonnt. Wéi se nees zeréck zu Lëtzebuerg war, huet si de François an d'Nelly Wies kontaktéiert, déi Responsabel vum Schéissclub Flèche d'or waren.

Et huet och net laang gedauert, bis si hir éischt Erfolleger feiere konnt: am Fréijoer 1980 koum si an der FITA-Ronn op iwwer 1.000 Punkten an zwee Joer méi spéit, wéi si beim neien Nationaltrainer Marcel Balthasar trainéiert huet, huet si den nationale Rekord op 1.234 Réng verbessert. Si gouf doropshin an den Elittekader vum COSL opgeholl a fir d’Olympesch Spiller 1984 zu Los Angeles qualifizéiert. Si huet de Fändel bei der Ouverture vun de Spiller gedroen a war déi eenzeg Fra am klenge fënnef-käppegen Nationalkader. Si koum ënner 47 Konkurrentinnen aus 24 Natioune mat am Ganzen 2.452 Réng op déi 16. Plaz.

Aacht Joer méi spéit, op de Spiller zu Barcelona, ​​koum d'Jeannette Goergen op en Total vun 1.261 Réng, wat nees gutt iwwer der Norm louch, déi vum COSL festgeluecht gi war (1.255 Réng als bescht Resultat mat enger Moyenne vun 1.245 Réng). Ënner 61 Konkurrentinnen aus 27 Natioune koum si mat 602 Réng op d'Plaz 48 an huet mat nëmmen néng Punkten d'Weiderkommen an an déi nächst Ronn verpasst.

Op der Weltmeeschterschaft zu Seoul 1985 huet d'Jeannette Goergen als éischt Lëtzebuergerin méi wéi 1.300 Punkte geschoss[3].

Si gouf 1983 an 1984 zur Sportlerin vum Joer gewielt.

Den 13. Juni 1970 ass d'Jeannette Philipp mam fréiere Waasserballspiller an Daucher Jean-Paul Goergen bestuet ginn[4].

Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Carine Risch 1983 Jeannette Goergen


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Olympedia – Jeannette Goergen-Philip. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 2020-09-03.
  2. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 46-47. ISBN 978-2-9599734-5-1
  3. (fr)Bogenschießverein „Guillaume Tell Strassen“ feierte Geburtstag. mywort.lu (2010-10-20). Gekuckt de(n) 2024-06-17.
  4. (fr)MARIAGES. Luxemburger Wort, 123. Jg., n° 162, p. 13. (11.06.1970). Gekuckt de(n) 17.06.2024.