Op den Inhalt sprangen

Fleur Maxwell

Vu Wikipedia
Fleur Maxwell
Gebuer 5. August 1988
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Äiskonschtleefer
Gréisst 1,58 m
Gewiicht 48 kg

D'Fleur Maxwell, gebuer de 5. August 1988 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin.

Si huet mat néng Joer mam Äiskonschtlaf ugefaangen an hat hiren éischte groussen Tournoi am Januar 2005 op der Äiskonschtlaf-Europameeschterschaft zu Turin, wou se mat 123,24 Punkten op d'Plaz 14 koum. Am selwechte Joer koum se op der Weltmeeschterschaft zu Moskau op déi 29. Plaz, huet awer d'Kür net erreecht.

D'Fleur Maxwell huet 2006, als eenzeg Sportlerin, Lëtzebuerg bei den XX. Olympesche Wanterspiller zu Turin vertrueden. Am Kuerzprogramm ass si déi 21. ënner 29 Kandidatinne ginn an huet sech domat fir d'Kür qualifiéiert, wou si awer wéinst enger onglécklecher Chute op déi lescht Plaz zeréckgefall ass. Mat engem Gesamtresultat vun 109,57 Punkte koum si schlussendlech op de 24. Rang. Si huet 2006 hir sportlech Karriär virleefeg opgehalen.

Vun 2009/2010 un huet si nees bei Competitioune matgemaach. Si konnt sech zwar net fir d'Olympesch Wanterspiller 2010 zu Vancouver oder fir déi vun 2014 zu Sotschi qualifizéieren, huet awer bei der Istanbul Cup, de Slovenia Open, den Ukrainian Open, der Denkova-Staviski-Cup, an dem NRW-Trophy-Medaile gewonnen.

Meeschterschaft / Joer 2005 2006 2010 2011 2012 2013 2014 2015 2016
Olympesch Wanterspiller 24. -
Weltmeeschterschaft 29. - 33. - 37.
Europameeschterschaft 14. 25. 24. 22. 25. 24. 33. 20. 18.
Lëtzebuergesch Meeschterschaft 1. - - - - 1. 1.

2011 gouf den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no hir genannt.

Commons: Fleur Maxwell – Biller, Videoen oder Audiodateien