Op den Inhalt sprangen

Bech

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Bech zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bech (Homonymie).
Bech
Vue op Bech.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bech
de: Bech
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bech
Buergermeeschter Jill Goeres
Awunner 452
  1. Januar 2022
Koordinaten 49° 45’ 07’’ N
      06° 21’ 46’’ O
Bech ëm 1600 (Zeechnung vum Jean Bertels)

Bech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Bech läit südlech vun der Nationalstrooss 11, tëscht der Schanz an Hierber, op enger Héicht vun ca. 300 m (NG-L).

D'Uertschaft Bech gouf eng éischt Kéier als Becche 862 als Besëtz vum Klouschter Iechternach ernimmt. Iwwer Beche huet sech den Numm zu "Bech" entwéckelt. 1095 war Bech, zesumme mat Ernzen, Lauterbuer Bollendorf, Steenem an Irrel, ee vun de wichtegste Klouschterhäff vum Klouschter Iechternach.

Tëscht dem 11. an dem 15. Joerhonnert hat d'Häre vu Bech hir Residenz am Duerf. Am 16. Joerhonnert hat de Mayer vum Klouschter déi weltlech Herrschaft do. 1473 goufen 8 Stéit gezielt, 1526 waren et der 10, 1537 just nach 4, an nom Drëssegjärege Krich der nëmme méi 3 Stéit, déi all an der Ënneschtgaass gewunnt hunn, dobäi koumen nach e puer verspreet am Bësch oder um Grasserbierg. 1815 war d'Zuel vun de Stéit op 34 eropgaangen. De Kär vum Duerf ëm d'Ënnescht- an d'Ieweschtgaass huet an der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert ugefaangen, sech auszebreeden: de Faubourg an d'Neidierfche si bebaut ginn. Ëm 1900 goufen déi éischt Haiser an der Beierwiss gebaut, an a vun den 1960er Joren u koum Äässe mat bäi, an d'Duerf ass laanscht seng Borde gewuess. [1]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Josy Heintz: "Bech im Wandel der Zeiten." in: Lëtzebuerger Sonndesblat 15/1982, S.3.
Commons: Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.117-118.