Kantabrien
Kantabrien | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Santander | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 5.221 km² | |||
Awunner | 572.503 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 109,65 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 11. Januar 1982 | |||
Offizielle Feierdag | 15. September | |||
President | Miguel Ángel Revilla Roiz (PRC) | |||
Lag vu Kantabrien a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Kantabrien ass eng autonom Regioun a Spuenien, déi aus enger eenzeger Provënz mam selwechten Numm besteet. D'Haaptstad ass Santander.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kantabrie läit am Norde vu Spuenien a grenzt am Süden u Kastilien-León, am Osten un d'Baskeland an am Westen un Asturien. D'Regioun Kantabrien huet eng Fläch vu 5.321 km² an huet domat 1,05 % vun der Totalfläch vu Spuenien.
Andeelungen
[änneren | Quelltext änneren]Kantabrien besteet just aus enger eenzeger Provënz.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Kantabrien | Santander | Kantabrien | Santander |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Provënz Kantabrien huet sech den 11. Januar 1981 zu enger autonomer Gemeinschaft konstituéiert.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De President vun der Regioun Madrid ass de Miguel Ángel Revilla Roiz (PRC). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress si 5 Sëtz an am Senat sinn et 4 Sëtz.
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]2005 gëtt et 562.309 Awunner, dat sinn 1,3 % vun der Populatioun vu ganz Spuenien.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kantabrien – Biller, Videoen oder Audiodateien |