Ultimo tango a Parigi
Ausgesinn
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Frankräich, Italien |
Première | 19. Dezember 1972 |
Dauer | 129 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,78:1 |
Originalsprooch |
Franséisch, Englesch |
Ekipp | |
Regie | Bernardo Bertolucci |
Dréibuch |
Bernardo Bertolucci Franco Arcalli |
Fotografie | Vittorio Storaro |
Musek | Gato Barbieri |
Schnëtt | Franco Arcall |
Dekoren | Ferdinando Scarfiotti |
Produzent | Alberto Grimaldi |
Produktiouns- gesellschaft |
Produzioni Europee Associati United Artists |
Schauspiller | |
Marlon Brando als Paul Maria Schneider als Jeanne Jean-Pierre Léaud als Tom Massimo Girotti als Marcel Marie-Hélène Breillat als Monique Catherine Allégret als Catherine Veronica Lazăr als Rosa Catherine Breillat als Mouchette Rachel Kesterber als Christine Luce Marquand als Olympia Gitt Magrini als dem Jeanne seng Mamm Maria Michi als dem Rosa seng Mamm Darling Légitimus als Portier Giovanna Galletti Catherine Sola Dan Diament Peter Schommer | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ultimo tango a Parigi ass en italieenesch-franséische Film vum Bernardo Bertolucci aus dem Joer 1972 mam Marlon Brando an der Maria Schneider an den Haaptrollen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Paul, en Amerikaner vun Enn 40 Joer, an d'Jeanne, eng jonk Paräisserin, begéine sech zoufälleg bei der Visite vun enger Wunneng beim Pont de Bir-Hakeim, déi ze lounen ass. De Paul huet grad seng Fra verluer, déi Proprietärin vun engem delabréierten Hotel war, an déi sech ëmbruecht hat. D'Jeanne ass domat beschäftegt, hir Hochzäit mam Filmregisseur Tom virzebereeden. Ouni eppes vuneneen ze wëssen, hunn déi zwéi an der eideler Wunneng Sex mateneen a gi sech do Rendez-vous fir déi nächst Kéier...