UN Käerjéng 97
UN Käerjeng '97 | ||||
Offiziellen Numm: | U.N. Käerjeng '97 (U=Uewer / N=Nidder) | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Rout-Blo | |||
Grënnung: | 1997 | |||
Stadion: | Käerjenger Dribbel, Nidderkäerjeng | |||
Plazen: | 2 400 (400 Sëtzplazen) | |||
President: | Jim Thomes | |||
Sekretär: | Christian Bour | |||
Trainer: | Franck Rinaldo | |||
Liga: | BGL League | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 13. Plaz | |||
Websäit: | http://www.un-kaerjeng.lu | |||
|
Den UN Käerjeng '97 ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Käerjeng.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Veräin ass 1997 aus der Fusioun vun de Clibb aus der Käerjenger Gemeng, dem FC Jeunesse Uewerkäerjeng (FC Jeunesse Hautcharage) an der US Nidderkäerjeng (US Bascharage) entstanen. D'Union Sportive Bascharage, 1928 gegrënnt, huet an hirer leschter Saison 1996/97 drëtt Divisioun gespillt, den 1919 gegrënnte Football Club Jeunesse Hautcharage dogéint, hat deemools nëmme just knapps den Opstig aus der éischter Divisioun an d'Éierepromotioun verpasst. Uewerkäerjeng huet am Laf vun der Zäit meeschtens an der éischter Divisioun oder an der Éierepromotioun gepillt. An der Saison 1981/82 ware s'an der Nationaldivisioun.
Den neie Veräin UN Käerjéng ass 1997/98 dunn amplaz vun der Uewerkäerjenger Jeunesse vun der éischter Divisioun aus an d'Championnat gestart an nach d'selwecht Saison an déi zweethéchst Spillklass geklommen. No siwe Joer Éierepromotioun ass Käerjeng 2004/05 an d'Nationaldivisioun geklommen. Gréissten nationale Succès an der Veräinsgeschicht war d'Erreeche vun der Coupefinale 2006/07. D'Finall goung dunn awer mat 1-2 géint den F91 verluer. Trotz dëser Néierlag duerft den U.N. Käerjéng d'Qualifikatiounsronn fir d'UEFA Coupe spillen (den F91 war als Champion scho fir d'Qualifikatioun vun der Champions League qualifizéiert). Als Amateursveräin konnt Käerjéng den norwegesche Profisklub Lillestrøm SK eliminéieren an ass an der zweeter Ronn op de Standard vu Léck gefall, wou no zwéi respektabele Matcher Schluss war fir d'Lëtzebuerger. Bis Mëtt 2011 huet den UN Käerjéng 97 seng Championnatsmatcher um Terrain um Bëchel zu Uewerkäerjeng (Tribün mat 150 iwwerdeckte Stéiplazen) gespillt. Zanter der Saison 2011/12 gëtt um nei gebaute "Käerjenger Dribbel" zu Nidderkäerjeng gespillt, dee Plaz fir 2 400 Zuschauer bitt (dovu 400 iwwerdaacht Sëtzplazen op der Haapttribün).
Nationale Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]UN Käerjéng 97
[änneren | Quelltext änneren]- Finalist (2x): 2007, 2009
FC Jeunesse Uewerkäerjeng
[änneren | Quelltext änneren]- Gewënner (1x): 1971
Europäesch Kompetitiounen
[änneren | Quelltext änneren]UN Käerjéng 97
[änneren | Quelltext änneren]Als Coupefinalist 2006/07 ass den UN Käerjéng automatesch fir d'éischt Qualifikatiounsronn am UEFA Cup 2007/08 zougelooss, eng Première fir de Fusiounsveräin.
Saison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
2007/08 | UEFA Cup | 1Q | Lillestrøm SK | 1-2, 1-0 | |
UEFA Cup | 2Q | Standard Léck | 0-3, 0-1 |
- {{{1}}}
FC Jeunesse Uewerkäerjeng
[änneren | Quelltext änneren]D'Jeunesse vun Uewerkäerjeng huet nëmmen eng Kéier europäesch gespillt. Am Europapokal vun de Pokalgewënner 1971/72 sinn d'Käerjenger zweemol elle géint Chelsea ewechgefuer, fir d'éischt mat 0-8 doheem, du mat 0-13 am Stadion vu Stamford Bridge. D'Goldifferenz vun 0-21 an nëmmen enger Ronn ass bis haut trauregen Negativrekord vun enger Veräinsekipp bei europäesche Kompetitiounen.
Saison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
1971/72 | EP Pokalgewënner | VR | Chelsea F.C. | 0-8, 0-13 |
{{{1}}}
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Offiziell Websäit vun UN Käerjéng 97
- Artikel iwwer d'UN Käerjeng 97 an "Eise Magazin" vun der Gemeng Käerjeng (2008, Säite 14-15)
Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20 | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|