Op den Inhalt sprangen

Pâtisserie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Patisserie)
Vitrinn vun enger Pâtisserie

Mat Pâtisserie bezeechent ee souwuel eng bestëmmt Zort kulinaresch Preparatiounen aus dem Beräich vun der Zockerbäckerei, wéi och de Buttek an dem se verkaaft ginn.

Pâtisseriesprodukter sinn éischter séiss a kënne sech a klenge Portioune wéi Mëtschen, Kichelcher, Petit-fouren, Täertercher, oder a grousse Portioune wéi Taarten a Kuche presentéieren.

Si besti meeschtens aus Zocker, Miel, Eeër (dacks gëtt den Dueder an d'Eewäiss getrennt) a Fett (Botter, Margarinn oder Ueleg).

Och wann een dacks déi selwecht Bestanddeeler erëmfënnt, sou ënnerscheet sech déi Abberzuel vu Pâtisserie dach fundamental, duerch déi verschidde Preparatiounsmethoden an d'Relatioun vun de Quantitéiten zoueneen.

E puer Basisrezepter loosse sech och op eng sëllege Manéiere kombinéieren:

Donieft kann een och nach Friichten, Nëss, Kakao a Schockela an der Pâtisserie verschaffen, a se mat Vanill oder Spirituosen aromatiséieren.

Als Dreifmëttel gi Bakpolver, Hief oder Soda geholl, e puer Deegaarte kommen awer och ouni aus, an anerer verlaangen eng laang Knietzäit fir datt de Gluten sech am Miel entfale kann.

Commons: Pâtisserie – Biller, Videoen oder Audiodateien