Op den Inhalt sprangen

Labour Party (Vereenegt Kinnekräich)

Vu Wikipedia
Labour Party
Leader of the Labour Party (UK) Keir Starmer
Generalsekretär David Evans
Gegrënnt 27.02.1900 (als Labour Representation Committee)
Memberszuel 366.604
(Mäerz 2024)
Politesch Positioun Mëtt-lénks
Europäesch Affiliatioun Partei vun den Europäesche Sozialisten
International Affiliatioun Alliance progressiste
Internationale socialiste
Faarf Rout
Slogan Britain's future / Let's get Britain's future back (2024)
House of Commons
412/650 Sëtz
House of Lords
172/783 Sëtz
Websäit labour.org.uk


D'Labour Party ass eng brittesch politesch Partei. Si ass um Enn vum 19. Joerhonnert aus dem Zesummeschloss vun enger Rei lénksgeriichte politeschen a gewerkschaftleche Beweegungen entstanen. Traditionell vertrëtt si am Allgemenge sozialdemokratesch Standpunkten. Allerdéngs ass si, zanter den Tony Blair 1994 Party Leader ginn ass, méi no un de politeschen Zentrum geréckelt. Traditionell geographesch Schwéierpunkte vun der Labour Partei leien a Groussstied an den industrielle Regiounen an Nord-England.

An der rezenter Vergaangenheet huet d'Labour Party tëscht 1997 an 2010 de Premierminister gestallt a war duerno an der Oppositioun. D'Partei huet dunn de 4. Juli 2024 d'Parlamentswale gewonnen a stellt zanterhier nees de Premierminister.

Premierministere vun der Labour Party

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Labour Party – Biller, Videoen oder Audiodateien

Websäit vun der Labour Partei (en)