Joel Hastings Metcalf
Joel Hastings Metcalf | |
---|---|
Gebuer |
4. Januar 1866 Meadville |
Gestuerwen |
23. Februar 1925 Portland |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
De Joel Hastings Metcalf, gebuer de 4. Januar 1866 zu Meadville, Pennsylvania, a gestuerwen den 23. Februar 1925 zu Portland, Maine, war en amerikanesche Geeschtlechen an Astronom.
De Jong vum Lewis Herbert an der Anna (geb. Hicks) Metcalf huet am Alter vu 14 Joer groussen Intressi fir d'Astronomie entwéckelt. Hie gouf duerch e Buch, an duerch zwou enk Konjunktioune vun de Planéite Jupiter a Mars inpiréiert. Hien huet um Meadville Theological Seminar an op der Harvard Divinity School studéiert, an huet am Joer 1892 säin Doktertitel am Allegheny College gemaach. Uschléissend huet hien als unitaresche Geeschtleche geschafft, am Ufank zu Burlington, Vermont, an duerno zu Taunton, Massachusetts, Winchester, Massachusetts a Portland, Maine, wou hien am Joer 1925 gestuerwen ass.
Als Amateurastronom huet hie reegelméisseg Kontakt mat Professeren op den Universitéiten an un Observatoire gehalen. Hien huet 41 Asteroiden, 5 Koméiten a verschidde Verännerlech Stären entdeckt.
De Joel H. Metcalf war mat der Elizabeth S. Lockman bestuet an hat zwee Kanner: den Dr. Herbert E. Metcalf an d'Rachel Metcalf Stoneham.
Asteroiden, entdeckt vum Metcalf