Op den Inhalt sprangen

Friedrich Hölderlin

Vu Wikipedia
Friedrich Hölderlin
Gebuer 20. Mäerz 1770
Lauffen am Neckar
Gestuerwen 7. Juni 1843
Tübingen
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen,
Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Dichter, Bibliothecaire, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Romancier, Philosoph, Librettist

De Johann Christian Friedrich Hölderlin, gebuer den 20. Mäerz 1770 zu Lauffen am Neckar, a gestuerwen de 7. Juni 1843 zu Tübingen, war en däitschen Dichter. Hien zielt zu de bedeitendste Lyriker an däitscher Sprooch a säi Wierk gëtt an der Literatur ëm 1800 als eegestänneg Stréimung tëscht Weimarer Klassik a Romantik ugesinn.

Hie war e puer Joer Privatschoulmeeschter, an huet, ë. a. well en eng Affär mat der Mamm vu Kanner hat, déi en enseignéiert hat, dacks d'Stied gewiesselt, wou e gewunnt huet. Allgemeng war e finaziell schlecht drun, an huet déi lescht Jore bei senger Mamm gewunnt, wou e Wierker vum Sophokles (König Ödipus, Antigone) a vum Pindar iwwersat huet, an och eng Rëtsch eege Gesäng (oder Hymne) konzipéiert huet (ë. a. Patmos, dat en Deel vum Zyklus vaterländischer Gesänge war. 1805koume seng Nachtgesänge eraus, dorënner och dat bekannt Gedicht Hälfte des Lebens.

1805 huet den Hölderlin missen a psychiatresch Behandlung goen, wou en awer méi traumatiséiert wéi geheelt gouf. E koum 1807 bei en Tübinger Schräiner an d'Fleeg, wou en an engem Tuermzëmmer méi oder manner zeréckgezunn gewunnt huet. Vun 1822 bis 1826 hat hien nees eng kënschtleresch méi produktiv Phas.

Tëscht 1829 an 1837 war hien eng Zort „Tübinger Attraktioun“, wou säi Besuch virun allem drun intresséiert war, ze gesinn, wéi 'geckeg' e wier. Hien huet dunn awer och seng schrëftstelleresch Aarbechten nees intesifiéiert.

Dem Hölderlin seng fréi Gedichter si meeschtens gereimt Hymnen op abstrakt Géigestänn (An die Schönheit). Méi spéit huet hien déi antik Forme vun der Od an der Elegie iwwerholl. Déi grouss Gedichter vun senger spéider Phas sinn dacks wäitleefeg an zum Deel Elegien (Brod und Wein), zum Deel Hymnen a fräie Rhythme wéi Patmos an Andenken. Donieft gëtt et heiansdo och aner Formen, wéi den Hexameter-Hymnos Der Archipelagus. Ausserdeem huet den Hölderlin méi kuerz Formen applizéiert, wéi den Epigramm oder Kuerzgedichter (bekannt ass Hälfte des Lebens).

Bekannt vun him ass och säi fréie Bréifroman Hyperion.

Nodeems en am 19. Joerhonnert, wann net ignoréiert, dann héchstens als Epigon vum Schiller ugesi gouf, huet et bis an d'20. Joerhonnert gedauert, bis en erëmentdeckt an d'Qualitéit vu senge Gedichter erkannt a gewierdegt gouf.

An der Literaturgeschicht a bei der Rezeptioun vu sengem Wierk spillt seng Krankheet - an d'Wierkung op seng Wierker - eng wichteg Roll.

  • Sämtliche Werke. Historisch-kritische Ausgabe, hrsg. von D. E. Sattler. 20 Bde. an 3 Supplementen. Stroemfeld Verlag, Frankfurt a. M. 1975–2008 („Frankfurter Ausgabe“).
  • Sämtliche Werke, Briefe und Dokumente. Bremer Ausgabe, hrsg. von D. E. Sattler. 12 Bände. Luchterhand Literaturverlag, München 2004.
Commons: Friedrich Hölderlin – Biller, Videoen oder Audiodateien