Erich Kästner
Erich Kästner | |
---|---|
Gebuertsnumm | Emil Erich Kästner |
Pseudonym | Robert Neuner, Berthold Bürger, Peter Flint |
Gebuer |
23. Februar 1899 Dresden |
Gestuerwen |
29. Juli 1974 München |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Westdäitschland, Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Leipzig |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Kannerbuchauteur, Dréibuchauteur, Journalist, Dramatiker, Kabarettist, Publizist, Museker |
Member vun | Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Den Erich Kästner ass den 23. Februar 1899 zu Dresden gebuer an den 29. Juli 1974 zu München gestuerwen. Hie war en däitsche Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Kabarettist an ass virun allem fir seng Kannerbicher bekannt.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Seng Mamm Ida Kästner war Coiffeuse a säi Papp, den Emil Richard Kästner, war Suedlermeeschter. 1906 ass den Erich an d'Schoul zu Dresden gaangen. 1917 ass hien als Zaldot an d'Arméi agezu ginn, mä wéinst engem Häerzproblem koum en zeréck ouni datt en un d'Front hätt goe missen. 1918 huet hien dunn den Ofschloss gemaach an engem Seminar fir Schoulmeeschter. Zu Leipzig huet hie säi Studium an der Germanistik, Geschicht an an der Philosophie gemaach. Nieft sengem Studium huet hie fir d'Neue Leipziger Zeitung geschafft. 1927 ass hien op Berlin geplënnert an huet do als Theaterkritiker an als fräie Mataarbechter bei verschiddenen Zeitunge geschafft.
Seng éischt Gedichtsammlunge verëffentlecht hie vun 1928 un a schreift och Texter fir Kabareten.
Säin erfollegräichst Wierk war de Kannerroman Emil und die Detektive, deen a 24 Sproochen iwwersat an och verfilmt gouf.
Verschidden Aarbechte vum Erich Kästner goufen am Joer 1933 duerch d'Nationalsozialiste verbrannt oder verbueden. An dësen Aarbechten hëlt hien déi spiisseg Moral, de Faschismus an de Militarismus op d'Schëpp. Hie gëtt ëmmer erëm vun der Gestapo verhaft an erëm lafe gelooss.
1957 ass säi Jong den Thomas op d'Welt komm, deen awer bei senger Mamm zu Berlin opwiisst. Am selwechte Joer ass och säi Papp gestuerwen.
Den 29. Juli 1974 stierft den Erich Kästner am Alter vu 75 Joer zu München.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1956: Literaturpräis vun der Stad München
- 1957: Georg-Büchner-Präis
- 1959: Bundesverdienstkreuz
- 1970: Kulturellen Éierepräis vun der Stad München
Seng Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Herz auf Taille, 1928
- Emil und die Detektive, 1928
- Lärm im Spiegel, 1929
- Ein Mann gibt Auskunft, 1930
- Arthur mit dem langen Arm, 1931
- Pünktchen und Anton, 1931
- Der 35. Mai, 1931
- Das verhexte Telefon, 1932
- Fabian. Die Geschichte eines Moralisten, 1932
- Gesang zwischen den Stühlen, 1932
- Das Fliegende Klassenzimmer, 1933
- Drei Männer im Schnee, 1934
- Emil und die drei Zwillinge, 1934
- Die verschwundene Miniatur, 1935
- Doktor Erich Kästners Lyrische Hausapotheke, 1936
- Der Zauberlehrling (Romanfragment), 1936
- Georg und die Zwischenfälle (Der kleine Grenzverkehr), 1938
- Das doppelte Lottchen, 1949
- Die Konferenz der Tiere, 1949
- Die dreizehn Monate, 1955
- Die Schule der Diktatoren, 1957
- Als ich ein kleiner Junge war, 1957
- Notabene 45, ein Tagebuch, 1961
- Das Schwein beim Friseur, 1962
- Der kleine Mann, 1963
- Der kleine Mann und die kleine Miss, 1967
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Méi wéi 40 Filmer sinn a ville Länner nom Kästner senge Wierker entstanen, déi bekanntst sinn:
- 1931: Emil und die Detektive - Regie: Gerhard Lamprecht (mam Rolf Wenkhaus an dem Käthe Haack)
- 1935: Emil and the Detectives - Regie: Milton Rosmer, en englesche Film mam John Wikkiams als Emil Blake
- 1936: Tri muzi ve snehu - Tschechesch Verfilmung vun Drei Männer im Schnee
- 1936: Stackars miljonärer - Schweedesch Versioun vun Drei Männer im Schnee
- 1938: Paradise for Three - Regie: Edward Buzzell (mam Robert Young, dem Mary Astor an dem Sig Ruman)
- 1940: Frau nach Maß - Regie: Helmut Käutner (mam Hans Söhnker)
- 1943: Münchhausen - Regie: Josef von Báky, Dréibuch: Erich Kästner als Berthold Bürger - (mam Hans Albers an dem Brigitte Horney)
- 1943: Der kleine Grenzverkehr - Regie: Hans Deppe (mam Willy Fritsch)
- 1950: Das doppelte Lottchen - Regie: Josef von Báky (mam Antje Weisgerber)
- 1953: Twice upon a Time - Regie: Emeric Pressburger (brittesch Versioun vum Doppelten Lottchen)
- 1953: Pünktchen und Anton - Regie: Thomas Engel (mam Hertha Feiler, dem Paul Klinger an dem Jane Tilden)
- 1954: Emil und die Detektive - Regie: Robert A. Stemmle (mam Peter Finkbeiner an dem Heli Finkenzeller)
- 1954: Das fliegende Klassenzimmer - Regie: Kurt Hoffmann (mam Paul Dahlke, dem Paul Klinger an dem Erich Ponto)
- 1955: Drei Männer im Schnee - Regie: Kurt Hoffmann (mam Paul Dahlke, dem Günther Lüders, dem Claus Biederstaedt an dem Nicole Heesters)
- 1961: The Parent Trap - Regie: David Swift (mam Maureen O'Hara - US-amerikanesch Versioun vum Doppelten Lottchen)
- 1963: Liebe will gelernt sein - Regie: Kurt Hoffmann (mam Martin Held, dem Barbara Rütting an dem Götz George)
- 1964: Emil and the Detectives - Regie: Peter Tewksbury (mam Walter Slezak an dem Heinz Schubert)
- 1969: Konferenz der Tiere - Zeechentrickfilm vum Curt Linda
- 1973: Das fliegende Klassenzimmer - Regie: Werner Jacobs (mam Joachim Fuchsberger an dem Heinz Reincke)
- 1974: Drei Männer im Schnee - Regie: Alfred Vohrer (mam Klaus Schwarzkopf, dem Roberto Blanco, dem Thomas Fritsch an dem Susanne Uhlen)
- 1980: Fabian - Regie: Wolf Gremm (mam Hans Peter Hallwachs)
- 1994: Charlie und Louise. Das doppelte Lottchen - Regie: Joseph Vilsmaier (mat der Corinna Harfouch an dem Heiner Lauterbach wéi och dem Fritzi an dem Floriane Eichhorn)
- 1995: It Takes Two - Regie: Andy Tennant (mam Ashley an dem Mary-Kate Olsen - eng weider Versioun vum Doppelten Lottchen).
- 1998: The Parent Trap - Regie: Nancy Meyers (mam Dennis Quaid - nach eng US-Fassung vum Doppelten Lottchen)
- 1999: Pünktchen und Anton - Regie: Caroline Link (mam Juliane Köhler, dem August Zirner an dem Meret Becker)
- 2001: Emil und die Detektive - Regie: Franziska Buch (mam Jürgen Vogel, dem Maria Schrader an dem Kai Wiesinger)
- 2003: Das fliegende Klassenzimmer - Regie: Tomy Wigand (mam Ulrich Noethen, dem Sebastian Koch an dem Piet Klocke)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kästner, Erich: Gedichte, Reclam Stuttgart 1987.
- Kästner, Erich: Bei Durchsicht meiner Bücher.
- Kästner, Erich: Werke, 9 Bänn, München: Hanser, 1998.
- Schikorsky, Isa: Erich Kästner, DTV Portrait.
- Hanuschek, Sven: Keiner blickt dir hinter das Gesicht. Das Leben Erich Kästners. München: Hanser 1999.
- List, Sylvia: Das große Erich Kästner Buch, Atrium Verlag, Hamburg, Juli 2002.
- Sarkowicz, Görtz: Erich Kästner - Eine Biographie, Piper.
- Kordon, Klaus: Die Zeit ist kaputt. Die Lebensgeschichte des Erich Kästner, Beltz, 2002, 3. Oplo.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Erich Kästner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- http://www.dhm.de/lemo/html/biografien/KaestnerErich/
- http://www.erich-kaestner-museum.de/
- https://web.archive.org/web/20100310134414/http://www.kaestner-im-netz.de/leben/leben.html
- Kommentéiert Linksammlung
- http://www.kaestnerfuerkinder.net/
- http://www.erich-kaestner-kinderdorf.de
- http://www.erich-kaestner-bibliothek.de
- Erich Kästner zum 30. Doudesdag den 29. Juli 2004
- All d'Verfilmunge vu Kästner-Wierker an der Internet Movie Database