Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch
D'Belsch ass e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten (oder Gemeinschaften) an dräi Regiounen zesummesetzt. Zwou vun den dräi Regioune bestinn aus jee fënnef, deemno am Ganzen zéng Provënzen.
Iwwersiicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Belsch huet 581 Gemengen. Nieft deenen Ënnerandeelungen, déi an der belscher Constitutioun definéiert sinn, gëtt et nach Distrikter bannent de Gemengen, Police- a Waldistrikter, asw.
Vereinfacht ausgedréckt sinn d'Regiounen zoustänneg fir alles, wat mam "Buedem" ze dinn huet, also Landesplanung, Landwirtschaft, Transport, Energie, Ëmwelt, asw., an d'Communautéite fir dat, wat mat "Sprooch" ze dinn huet, deemno Erzéiung, Kultur, Sport, asw. De Federalstaat selwer huet an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi Kompetenzen un d'Regiounen an d'Communautéiten ofginn, soudatt net méi vill "nationales" Rescht bliwwen ass.
All déi Ënnerandeelungen hu geographesch Grenzen: d'Regiounen, d'Sproochregiounen, d'Communautéiten, d'Provënzen an d'Gemengen. D'Andeelung a Communautéiten ass och geographesch delimitéiert: D'Flämesch Regierung huet Gesetzesautoritéit (wat Communautéits-Kompetenzen ubelaangt) nëmmen an der Regioun Flandern an an der Regioun Bréissel-Haaptstad; d'franséisch Communautéit huet analog just Pouvoiren iwwer communautaire Theemen a Wallounien an an der Haaptstadregioun Bréissel. An anere Wierder: E Flam, deen zu Arel wunnt, ka sech net op déi flämesch Gesetzgebung mat Bezuch op déi Flämesch Communautéit beruffen. Déi Belsch Communautéite bezéie sech net direkt op Leit (oder Gruppe Leit), mä op politesch, kulturell a sproochlech Kompetenzen a verschiddene Regioune vum Land.
Deemno ass déi Flämesch Communautéit kompetent an der Flämescher a Bréisseler Regioun, déi Franséisch an de Regioune Wallounien (mat Ausnam vun deene Gemengen, an deenen däitsch geschwat gëtt, also déi fir déi déi Däitschsproocheg Communautéit kompetent ass) a Bréissel, an déi däitschsproocheg Communautéit fir en Deel vun der Provënz Léck, laanscht d'däitsch Grenz, déi sougenannt Cantons de l'Est.
Déi dräi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun.
Déi dräi Communautéite sinn:
- d'franséischsproocheg Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté Française de Belgique)
- d'hollänneschsproocheg Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap) an
- d'Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch (Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens)
Am Géigesaz zu deenen anere Regiounen hunn exercéieren d'Institutiounen vun der Flämescher Communautéit d'Kompetenze vun der Flämescher Regioun.
Déi véier linguistesch Regiounen – déi keng Kollektivitéite sinn, mee just administrativ Circonscriptioune sinn – sinn déi franséischsproocheg Regioun, déi däitschsproocheg Regioun, déi hollänneschsproocheg Regioun an déi zweesproocheg Regioun Bréissel-Haaptstad.
Communautéiten
[änneren | Quelltext änneren]Communautéiten | Flämesch Communautéit | Franséisch Communautéit | Däitschsproocheg Communautéit |
Hollänneschen Numm | Vlaamse Gemeenschap | (Franse Gemeenschap) | (Duitstalige Gemeenschap) |
Franséischen Numm | (Communauté flamande) | Communauté française | (Communauté germanophone) |
Däitschen Numm | (Flämische Gemeinschaft) | (Französische Gemeinschaft) | Deutschsprachige Gemeinschaft |
Lag | |||
Fändel | |||
Haaptstad | Bréissel (zesumme mat der Flämescher Regioun) |
Bréissel | Eupen |
Ministerpresident | Jan Jambon (zesumme mat der Flämescher Regioun) |
Pierre-Yves Jeholet | Oliver Paasch |
Websäit | www.flanders.be | federation-wallonie-bruxelles.be | ostbelgienlive.be |
Regiounen
[änneren | Quelltext änneren]Regioun | Flämesch Regioun | Wallounesch Regioun | Haaptstadregioun Bréissel |
hollänneschen Numm | Vlaams gewest | (Waals gewest) | Brussels Hoofdstedelijk Gewest / Brusselse Gewest |
franséischen Numm | (Région flamande) | Région wallonne | Région de Bruxelles-Capitale / Région bruxelloise |
däitschen Numm | (Flämische Region) | Wallonische Region | (Region Brüssel-Hauptstadt) |
Lag | |||
Fändel | |||
Haaptstad | Bréissel | Namouer | Bréissel |
Fläch | 13.625 km² | 16.901 km² | 162 km² |
Awunnerzuel | 6,589,069 | 3,633,795 | 1,208,542 |
Populatiounsdicht | 484 /km² | 216/km² | 7.442/km² |
Ministerpresident | Jan Jambon (zesumme mat der Flämescher Regioun) |
Elio Di Rupo | Rudi Vervoort |
Websäit | www.flanders.be | www.wallonie.be | www.be.brussels |
Provënzen
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belsch Provënzen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Belsch Provënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |