Bernard Lovell
Bernard Lovell | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alfred Charles Bernard Lovell |
Gebuer | 31. August 1913 |
Gestuerwen | 6. August 2012 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | University of Bristol |
Aktivitéit | Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun |
Den Alfred Charles Bernard Lovell, gebuer den 31. August 1913 zu Oldland Common, Gloucestershire, England, a gestuerwen de 6. August 2012[1] war en englesche Physiker a Pionéier vun der Radioastronomie.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Bernard Lovell hat Physik zu Bristol beim Professer Arthur Mannering Tyndall (1881–1961) studéiert. No sengem Studienofschloss am Joer 1934 hat hien zwee Joer gefuerscht, fir 1936 seng Promotioun ze kréien. Am selwechte Joer goung hie op Manchester, wou hien eng Dozenteplaz fir ee Joer krut. 1937 gouf hie Member vun der Fuerschungsgrupp, déi sech mat der kosmescher Stralung beschäftegt huet.
Wärend dem Zweete Weltkrich huet de Lovell am TRE vun der RAF geschafft an huet wäertvoll Methode fir d'Uwendung vum Radar bei der Erkennung vu Kampffliger a bei der Navigatioun entwéckelt. Fir déi Aarbechte krutt hien nom Krich den Order of the British Empire.
Nom Enn vum 2. Weltkrich schafft de Lovell nees wëssenschaftlech. Hie konnt sech en ausgemusterte mobille Radar besuergen an domat d'kosmesch Stralung ënnersichen. Nodeem hien erkannt hat, datt den elektreschen Tram zu Manchester d'Ursaach fir d'Interferenze war, ass d'Fuerschungsgrupp mat hiren Instrumenter op d'Jodrell Bank op en oppent Feld geplënnert. Kuerz duerno huet d'Universitéit Manchester d'Installatioun vun enger fester Anlag um Feld iwwerholl an och beim Bau vum éischte Radioteleskop matgemaach. 1951 gouf de Lovell schliisslech Professer op der Universitéit Manchester. Op där Plaz ass hie bis zu senger Pensioun 1980 bliwwen.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- No dem Bernard Lovell gouf d'Lovell-Teleskop vum Jodrell-Bank-Radioobservatoire genannt.
- 1960 gouf de Lovell mat der Royal Medal vun der Royal Society ausgezeechent.*
- 1961 gouf hie wéinst senge Verdéngschter ëm d'Radioastronomie zum Ritter geschloen.
- 1981 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Science and Civilisation. (1939)
- World Power Resources and Social Development. (1945)
- Radio Astronomy. (1952)
- Meteor Astronomy. (1954)
- The Story of Jodrell Bank. (1968)
- Out of the Zenith. (1973)
- Emerging Cosmology. (1980)
- The Jodrell Bank Telesopes. (1985)
- Voice of the Universe: Building the Jodrell Bank Telesope. (1987)
- Astronomer by Chance. (1990)