(11) Parthenope
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,453 A.E. |
Peridatum | 25. August 2008 |
Exzentrizitéit | 0,0993 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 308 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,0 km/s |
Inklinatioun | 4,63 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 162 km |
Mass | 5,13 × 1018 kg |
Mëttel Dicht | 2,72 × 103 kg/m³ |
Rotatiounsperiod | 13 h 44 min |
Albedo | 0,1803 |
Absolut Hellegkeet | 6,55M |
Spektralklass | S |
Entdeckung | |
Entdecker | Gasparis |
Entdeckungsdatum | 11. Mee 1850 |
Plaz | Neapel |
Den (11) Parthenope ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.
Hie gouf den 11. Mee 1850 vum Annibale de Gasparis als 11. Asteroid entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Parthenope, enger Sireen aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Asteroid Parthenope beweegt sech op enger Distanz vun 2,2103 (Perihel) bis 2,6949 (Aphel) A.E., an 3,8411 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 4,6223° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1.
De Parthenope huet en Duerchmiesser vun 162 Kilometer an eng relativ hell, silikatesch Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,18. Wärend der Oppositioun erreecht de Parthenope eng Hellegkeet vun 8,9 mag. Hie gehéiert domat zu den hellsten Asteroiden um Himmel. Fir hien ze fannen, brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.
Aspekter
[änneren | Quelltext änneren]Stationär da réckleefeg |
Oppositioun | Distanz | Hellegkeet | Stationär da rechtleefeg |
Konjunktioun |
---|---|---|---|---|---|
23. November 2013 | 11. Januar 2014 | 1,67440 AE | 9,0 mag | 1. Mäerz 2014 | 15. Mee 2013 |
11. Mäerz 2015 | 25. Abrëll 2015 | 1,49154 AE | 9,7 mag | 14. Juni 2015 | 3. September 2014 |
20. August 2016 | 1. Oktober 2016 | 1,27915 AE | 9,2 mag | 15. November 2016 | 6. Januar 2016 |