Édouard Juncker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Édouard Juncker | |
---|---|
Gebuer |
30. Juli 1921 Dol |
Gestuerwen |
20. Januar 1999 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Den Ernest[1], genannt Édouard (Ed) Juncker, gebuer den 30. Juli 1921 zu Dol, a gestuerwen den 20. Januar 1999 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Vu Beruff war den Ed Juncker Krankefleeger am Ettelbrécker Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP).
Seng Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- 1942, am Zweete Weltkrich, gouf den Ed Juncker zwangsrekrutéiert an ass an den Arbeitsdienst an Ostpreise komm. Duerno koum en an ee Panzerjägerbatailloun op Ludwigsburg. De 15. Mee 1943 ass hien desertéiert an ass mam Zuch op Metz geflücht. Bis zum Enn vum Krich war hien am Éislek verstoppt;
- 1957 war hie fir d'éischt Kandidat bei de Gemengewale fir d'CSV;
- 1967 Member vum Ettelbrécker Gemengerot no der Demissioun vum Dr. Léon Mischo;
- 1969 Éischtgewielten op der CSV-Lëscht;
- 1976-1998 Buergermeeschter vun Ettelbréck;
- 1974-1999 (bis zu sengem Doud) Deputéierten an der Chamber.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Den Ed Juncker huet e groussen Undeel un der Aféierung vum Remembrance-Day zu Ettelbréck (Gedenken un déi gefalen Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich).
D'Stad Ettelbréck huet hire Kulturzentrum nom Ed Juncker benannt: Centre des arts pluriels Edouard-Juncker. Den Ed Juncker war de Monni vum Staatsminister Jean-Claude Juncker. Hien huet 1984, no engem excellente Walresultat, op eng Ministeschplaz verzicht, well soss säin Neveu net hätt kënnen an der Regierung bleiwen.
Den Ed Juncker war mat der Bertha Goergen bestuet. Hir Duechter Edmée Feith-Juncker, gebuer de 5. Juli 1953 zu Dikrech, gouf am Oktober 1999 an den Ettelbrécker Gemengerot gewielt wou si zanter dem 1. Januar 2000 ass.