Op den Inhalt sprangen

Nova (Stär)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Eng Nova (latäin. Plural:Novae) ass en Hellegkeetsausbroch an engem enken Duebelstäresystem, dee bei enger explosiver Zündung vum Waasserstoffbrennen op der Uewerfläch vun engem Wäissen Zwerg entsteet.

Foto vun der Nova Eridani 2009
Eng Nova wärend an no der Explosioun

De Begrëff vun der Nova leet sech vum laténgeschen Ausdrock „stella nova“ (neie Stär) of a geet zeréck op den Numm deen den Tycho Brahe engem Stär, deen hie 1572 observéiert hat, ginn hat[1]. Hie bezitt sech op dat séiert Opdauche vun engem stärenähnlechen Objet um Nuetshimmel dee virdru net ze gesi war. Eng Nova war bis zur Mëtt vum leschte Joerhonnert jiddwer Aart vun Hellegkeetsausbroch vun engem Stär mat engem Eropklammen zum Maximum an engem Zäitraum vun Deeg bis Joren an enger Ëmkéier zu der Normalitéit banne Woche bis Joerzéngten. Wéi d'astrophysikalesch Ursaach vun den Eruptiounen erkannt goufen, huet sech de Begrëff zu der haiteger Definitioun ëmgewandelt:

Eng Nova ass d'Folleg vun thermonukleare Runaways (enger explosiver Zündung thermonuklearer Reaktioune) op der Uewerfläch vun engem Wäissen Zwerg. Déi entflaamte Matière ass vun engem Begleeder an engem Duebelstäresystem, dee seng Roche-Grenz iwwerschratt huet oder per Akkretioun aus dem Stärewand, op de Wäissen Zwerg transferéiert ginn[2].

Net méi zu de (klassesche) Novaen zielen:

  • d'Supernovae souwéi d'hypothetesch Hypernovae, bei deenen eng thermonuklear Reaktioun den explodéierende Stär ëmwandelt oder zerstéiert
  • d'Zwergnovae, bei deenen eng Akkretiounsscheif ëm e wäissen Zwerg an zykleschen Ofstänn opliicht
  • déi fréier als extreem lues Novae bezeechent Ausbréch vu symbiotesche Stären an FU-Orionis-Stären, déi och d'Folleg vum Opliichte vun enger Akkretiounsscheif sinn
  • déi liichtkräfteg rout Novae, déi bei enger Verschmëlzung vun zwéi Stären an engem Duebelstäresystem entstinn
  • déi Liichtkräfteg Blo Verännerlech, deenen hir Verännerlechkeet duerch variabele Stärewand an der Formung vu Pseudophotosphären entsteet.
Kënschtleresch Duerstellung vum Zenario

Bei jiddwer Hellegkeetsausbroch vun enger Nova ginn déi follgend Phasen duerchlaf[3]

  • den initialen Ustig vun der Praenova-Hellegkeet banne wéineger Deeg vu ronn 9 mag
  • E Stëllstand vun engem bis e puer Deeg virum eigentleche Maximum. An dëser Phas ännert sech d'optesch Hellegkeet bal guer net. E Stëllstand gëtt net ëmmer observéiert, wat bedéngt ka sinn duerch eng ze spéit Entdeckung vun der Nova oder d'Phas vum Stëllstand trëtt net bei allen Novaen op
  • De leschten Opstig zum Maximum banne vun Deeg bis Wochen. Déi typesch Amplitude ass 2 mag.
  • Doru schléisst sech d'Phas vum fréien Opstigs un. D'Hellegkeet fält gläichméisseg an dësem Ofschnëtt of ëm ronn 3,5 mag an d'Vitess vum Offale gëtt als Klassifizéierungsmierkmol benotzt fir séier vu luesen Novaen z'ënnerscheeden. Allerdéngs gëtt et keng eenheetlech Definitioun fir dës Begrëffer.
  • An der Iwwerganksphas fält d'Hellegkeet ëm weider 3 mag. Den Hellegkeetsoffall ka gläichméisseg, mat engem déiwe Minima wéinst Stëbsformatioun oder mat engem quasiperiodeschen Torkele vun der Hellegkeet geschéien. Déi Phas kann e puer Woche bis e puer Joer daueren.
  • Duerno kënnt en definitiven Hellegkeetsoffall dee sech iwwer Jore bis Joerzéngten zitt.

D'Entwécklung vum optesche Spektrum ass komplex a verleeft parallel zu der Hellegkeetsännerung:

  • Am Praemaximum-Spektrum weise sech breet Absorptiounslinne wéi bei fréie Stäre mat iwwerlagerte P-Cygni-Profiller. D'Expansiounsvitesse läit tëscht −1300 fir séier a −100 km/s fir lues Novaen
  • Den Haaptspektrum trëtt am Maximum op mat méi staarken a weider an d'Blot verréckelten Absorptiounslinnen. De Spektrum erënnert un en A- oder F-Iwwerris mat ugeräicherte Linne vu Kuelestoff, Sauerstoff a Stéckstoff. D'Expansiounsvitesse läit tëscht −1000 an −150 km/s an Ofhängegkeet vun der Vitessklass vun der Nova.
  • den diffusen erweiderte Spektrum ass bal sou wéi de Principal-Spektrum mat méi breeden a méi staark bloverréckelten Absorptiounslinnen an trëtt kuerz no dem Zäitpunkt vun der maximaler Hellegkeet op
  • dorop kënnt den Orion-Spektrum no engem Hellegkeetsoffall vun 2 mag. De Spektrum gläicht deem vu liichtkräftegen O- oder B-Stäre mat staarkem Stärewand. D'Expansiounsvitesse läit tëscht −2700 an −1000 km/s an Ofhängegkeet vun der Vitessklass vun der Nova
  • Zum Schluss gëtt den niwwelege Spektrum siichtbar, dee vill Eegenschafte vun engem Planetareschen Niwwel huet. Et triede vill verbuede Linne vum Sauerstoff, Stéckstoff a munnechmol vum Neon op. D'Ureegungstemperatur huet ongeféier 106 Kelvin.

D'Entwécklung vum Spektrum gëtt als eng expandéierend Gaswollek interpretéiert, där hir Duerchsiichtegkeet am Laf vun der Expansioun ofhëllt an domat d'Photosphär, vun där d'Liichtquanten ouni nei Absorptioun op d'Äerd kommen, no banne wandere léisst.

Am Infrarouden ka besonnesch d'Stëbsformatioun vun der ausgestoussener Matière nogewise ginn. D'Spektrallinnen am Ultraviolett schléissen ufanks, un déi uewe beschriwwen, am optesche Beräich un. An der Phas vum stabille Waasserstoffbrennen op dem Wäisse Zwerg klëmmt d'Ultraviolettstralung nees un genee wéi och d'Röntgenstralung. Béid Stralungsarten hunn hiren Urspronk haaptsächlech an der thermescher Stralung aus der dënner Atmosphär ëm de Wäissen Zwerg. Opgrond der niddregenergetescher Röntgenstralung zielt eng Nova an dësem Stadium zu de Super Soft X-ray Sources. D'Enn vum Ausbroch ass duerch d'Waasserstoffverbrennen op der Uewerfläch vum Wäissen Zwerg gekennzeechent. Dëst geschitt ongeféier 3 Joer nom Ufank vum Ausbroch, wa keng superweech Röntgenstralung méi vun der Nova noweisbar ass.

Novaiwwerrescht

[änneren | Quelltext änneren]
Nova Cygni 1992 mat Novaiwwerrescht e puer Joer nom Ausbroch (eng Foto vum Hubble-Weltraumteleskop)

Wéi bei der Supernova kann e puer Joer bis Joerzéngten no engem Novaausbroch en Emissiounsniwwel nogewise ginn. Aus der Radialvitess wärend dem Ausbroch an unhand vum observéierte Wénkel vum Novaiwwerrescht ass et onofhängeg méiglech d'Distanz ze berechnen. D'Form vum Niwwel ass heefeg elliptesch, woubäi den Undeel elliptescher oder munnechmol bipolarer Niwwel mat dem Verfall vun der Novavitesse zouhëllt. D'ofgeplatte Achs läit an der Bunnfläch vum Duebelstäresystem. Dofir ass d'Ofwäichung vun der Kreesform eng Folleg vun der Interaktioun vun der ausgestoussener Matière mat der Akkretiounsscheif an dem Begleeder am Laf vun der Expansioun. Den optesch décke Wand, aus deem sech den Novaiwwerrescht formt, kann och am Radioberäich als Bremsstralung e puer Wochen no dem Ausbroch nogewise ginn.

Lëscht mat galakteschen Novaen

[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend Tabell weist e puer Novae, déi bannen eiser eegener Galaxis, der Mëllechstrooss, entdeckt goufen, a (bei gudde Bedéngungen) mat bloussem A gesinn konnte ginn. D'Buschtawen an Zuelekierzel virun den Nimm sinn no de Konventioune fir d'Benennung vu verännerleche Stären, an als wéivillte verännerleche Stär an engem Stärebild déi jeeweileg Nova entdeckt gouf. Den zweeten Nummdeel bezeechent d'Stärebild.

Joer Nova Maximalhellegkeet
1891 T Aurigae 3,8 mag
1898 V1059 Sagittarii 4,5 mag
1899 V606 Aquilae 5,5 mag
1901 GK Persei 0,2 mag
1903 Nova Geminorum 1903 6 mag
1910 Nova Lacertae 1910 4,6 mag
1912 Nova Geminorum 1912 3,5 mag
1918 V603 Aquilae -1,4 mag
1920 Nova Cygni 1920 2,0 mag
1925 RR Pictoris 1,2 mag
1934 DQ Herculis 1,5 mag
1936 CP Lacertae 2,1 mag
1939 BT Monocerotis 4,5 mag
1942 CP Puppis 0,3 mag
1950 DK Lacertae 5,0 mag
1960 V446 Herculis 2,8 mag
1963 V533 Herculis 3 mag
1970 FH Serpentis 4,4 mag
1975 V1500 Cygni 2,0 mag
1975 V373 Scuti 6 mag
1976 NQ Vulpeculae 6 mag
1978 V1668 Cygni 6 mag
1984 QU Vulpeculae 5,2 mag
1986 V842 Centauri 4,6 mag
1991 V838 Herculis 5,0 mag
1992 V1974 Cygni 4,2 mag
1999 V1494 Aquilae 5,03 mag
1999 V382 Velorum 2,6 mag

Portal Astronomie

Commons: Novae – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Der Brockhaus Astronomie (Mannheim 2006): Eintrag zu Tycho Brahe S.63
  2. S. N. Shore, M. Livio, E. P. J. van den Heuvel: Interacting Binaries. Springer, Berlin 1994, ISBN 3-540-57014-4
  3. Michael F.Bode, A. Evans: Classical novae. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2008, ISBN 978-0-521-84330-0