Dogma 95
Dogma 95 ass e filmescht Manifest vun ënner anerem dem Lars von Trier.
Introductioun
[änneren | Quelltext änneren]Et war am Mäerz 1995, zu Paräis. De Film huet grad säin honnertste Gebuertsdag gefeiert, an all déi grouss an dichteg Filmleit hunn zesumme gesiess an iwwer Filmer a Kino philosophéiert. Wier do net sou en duerchgeknalltenen Dän duerch den Odéon Theater, Schauplaz vun de Festivitéiten, gelaf an hätt rout Ziedelcher verdeelt an duerch d'Loft gehäit, ob deenen e Manifest stoung. Dat sougenannt Keuschheitsgelübd, den Dogma95. Vill Leit hunn déi Aktioun vum nach relativ jonke Lars von Trier fir e Witz gehalen. E Witz, dee kee war...
D'Manifest
[änneren | Quelltext änneren]I swear to submit to the following set of rules drawn up and confirmed by DOGME 95:
Furthermore I swear as a director to refrain from personal taste! I am no longer an artist. I swear to refrain from creating a "work", as I regard the instant as more important than the whole. My supreme goal is to force the truth out of my characters and settings. I swear to do so by all the means available and at the cost of any good taste and any aesthetic considerations. Thus I make my VOW OF CHASTITY. Copenhagen, Monday 13 March 1995 On behalf of DOGME 95 Lars von Trier, Thomas Vinterberg | "Ech schwieren de follgende Reegelsaatz vun DOGME95 ze benotzen:
Doriwwer eraus schwieren ech als Regisseur, perséinleche Goût z'ennerdrécken! Ech sinn net méi länger e Kënschtler. Ech kreéiere kee Wierk méi, well de Moment méi wichteg ass wéi dat Ganzt. Mäin iewescht Zil ass et, d'Wourecht aus menge Charaktèren an Zeenen ze forcéieren. Ech schwieren dat mat alle Mëttelen a géint esthetesch a geschmackvoll Decisiounen. Domat maachen ech mäi Keuschheitsgelübd." Kopenhagen, Méindeg, den 13. Mäerz 1995. Fir Dogma95, Lars von Trier, Thomas Vinterberg |
D'Käpp hanner Dogma95
[änneren | Quelltext änneren]Lars von Trier
[änneren | Quelltext änneren]De Lars von Trier heescht eigentlech Lars Trier. De "von" huet e sech spéider ugëeegent. De Lars von Trier ass en zimmlech egozentresche Mënsch a fält ëmmer erëm op duerch absurd Iddien. Sou zum Beispill huet hien, wéi hien am Idioterne d'Regie gefouert huet, um Regiestull keng Kleeder ugehat, hie war plakeg. Ausserdeem ass hien deen Eenzege gewiescht, deen et bis elo gepackt huet, Leit wéi d'Björk psychesch sou ze zerleeën, datt se 5 Joer keng anstänneg Musek méi kënne maachen. De Lars von Trier probéiert ëmmer nei Saachen ze maachen, wou een him ka virwerfen, datt hie seng Stäerkten net ausbaut.
Thomas Vinterberg
[änneren | Quelltext änneren]Den Thomas Vinterberg ass zu Kopenhagen gebuer.
Kristian Levring
[änneren | Quelltext änneren]Sören Kragh-Jacobsen
[änneren | Quelltext änneren]Déi wichtegst Dogma-Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Festen (The Celebration)
[änneren | Quelltext änneren]Dee räichen Helge Klingenberg feiert säi 60. Gebuertsdag. Op sengem Landwiesen invitéiert hien déi ganz Famill, Frënn a Bekannter fir déi Geleeënheet mat hinnen ze feieren. Et ass eng perfekt Idyll, vergiess ass de Suizid vu senger Duechter Linda virun engem hallwe Joer. Bis säi Jong, de Christian, eng Ried hält. An där Ried erkläert hie gemittelech a ganz roueg, datt säi Papp, hien a seng Schwëster Linda iwwer Jore vergewaltegt huet. Dann hieft hien d'Glas "Op dee Mann dee meng Schwëster embruecht huet, ob e Mäerder" (to the man who killed my sister, to a murderer). Domat brécht am Haus Klingenberg d'Panik aus. Den Toastmaster probéiert kënschtlech d'Laun riicht ze halen, a jiddweree probéiert z'iwwerspille wat gesot gouf.
Alles an allem ass "Festen" ee vun deene beschten Dogma Filmer an e brillant Beispill fir sech mam Theema Dogma 95 ze beschäftegen.
Idioterne (The Idiots)
[änneren | Quelltext änneren]Am Idiots fënnt sech e Krees vu Kolleegen zesummen a si probéieren deen 'ënneren Idiot' ze fannen. Fir deen opzedreiwe behuele si sech wéi geeschtech Handikapéierter. De Film beschäftegt sech mat de Reaktiounen tëscht de Gruppememberen an der psychescher Differenz tëscht de Persounen. Eng Gruppesexzeen gouf speziell mat Porno-Acteure gedréit. De Lars von Trier war fréier selwer Porno-Regisseur.
Besonnesches un den Dogma 95 Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Dogma-Filmer erkennt ee virun Allem un der eegewëlleger Handkameraféierung. Dobäi kann et engem am Ufank dronke ginn. Dann zeechne si sech doduerch aus datt dat fir Hollywood-Filmer typescht Bild vun der Gewalt ofgeleent gëtt. Dofir gëtt awer eng aner Komponent agesat, déi am puritaneschen Amerika tabu ass: Sex. Dogma-Filmer si voll mat Sex, wéi ee gutt am "Idioterne" gesäit. Fir de "Festen" goufen am Ganze 7 Sexzeene gedréint, vun deenen awer nëmmen eng gewise gëtt.
Domat ass Dogma haaptsächlech eng Erausfuerderung un den US-amerikanesche Film. An eenzelen Dogma-Filmer ass ausserdeem d'Bildqualitéit relativ schlecht wat duerch d'Handkamera kënnt.
Beweeggrënn vun Dogma 95
[änneren | Quelltext änneren]D'Beweeggrënn vum Lars von Trier senger Ekipp, Dogma ze maache sinn absolut net kloer. Den offizielle Grond war laut Manifest deen iwwerstrapazéierten an iwwercosmetiséierte Film erëm ze "botzen", nees wäertvoll ze machen an den Dogma als deen eenzeg richtege Film ze propagéieren.
Dat war gutt gemengt, mä e puer Problemer stoungen am Wee. En ongeschriwwent Gesetz seet, datt all Regisseur nëmmen een Dogma-Film mécht. Wat hätt dat fir en Zweck? Ausserdeem geet ewell de Lars von Trier, genee wéi den Thomas Vinterberg, vir, datt si Dogma haassen an en am léifste wéilten erëm aus der Welt schafen, souguer Wierker maachen, fir mam Dogma ofzerechnen. Ausserdeem ass dat Reegelwierk enorm enk an iwwerdriwwe penibel gewielt, kuerzerhand mécht et bal kee Sënn, ënner deenen Emstänn e Film ze maachen, wat Genië wéi de Lars von Trier och wëssen.
War Dogma95 also e geniale Coup de Pub? Wann een d'Geschicht vun Dogma verfollegt, stellt ee follgende Schema fest: 1995 gegrënnt, 1998 éischte Film (Dogma#1 Idioterne), 2001 d'offiziellt Enn duerch d'Schléissung vum Dogma-Secretariat dat d'Urkunde verdeelt huet. Dogma huet nëmme kuerz gelieft. Mä d'dänesch Regisseuren, Dänemark ass onbestridden d'Dogma-Land, hunn duerch Dogma en enormen Obschwonk erlieft an de Lars von Trier huet sech duech déi grouss Kontroversen ëm Dogma fir ëmmer an d'Käpp vun de Cineaste gebrannt. Ausserdeem, wann een ufänkt d'Strukture vum dänesche Filmgeschäft z'analyséieren, stellt ee fest, datt d'Industrie an d'Mafia an änleche Verhältnesser schafft, eng Hand wäscht déi aner.
Déi Fro geet bei allem Noliesen an Nofroen net zu Enn. Et wäert warscheinlech ni ee wësse wat de Lars von Trier mat Dogma wollt bewierken.
D'Effeten op d'Filmwelt
[änneren | Quelltext änneren]Dogma ass dout. Dorun däerft keen Zweiwel bestoen. An awer huet Dogma eng Spuer duerch de Kino gezunn. Generell war Dogma en "Trau-Dech-Spill". Dogma huet Saache gemaach, déi kee sech getraut huet, an abeemol akzeptéiert an appréciéiert goufen. Déi extreem frai Kameraféierung zum Beispill gouf ausgebaut. Mëtt den 90er war déi duerchschnëttlech Längt vun engem Filmschnëtt 5,2 Sekonnen. Dogma huet misse wéinst technesche Prinzipien méi lues schneiden. Filmer wéi, als extremt Beispill, dem Gus Van Sant säin Elephant hu spéider beandrockend gewisen, datt e Film mat Schnëtter bis zu 8 Minutten, zwar ongewinnt ass, mä funktionéiere kann. De Film Traffic war e Film deen, obwuel e keen Dogma Film war, sech immens un de Krittären orientéiert huet, an androcksvoll weist, wéi d'Fräiheet am Film kann de Film verbesseren. E praktescht Beispill aus dem Film Dancer in the dark:
- Noodeems d'Selma säin Nooper ëmbruecht hat, flücht hatt mat engem Auto. Et gesäit een d'Selma, dann e Schwenk. De Focus vun der Kamera ass komplett onschaarf. No e puer Momenter eréischt, erkennt een zur Heckfënster eraus, wat geschitt. Sou eng onschaarf Opnam wier e Grond gewiescht fir all Kameramann erauszegeheien - virun Dogma.
Dogma huet zum engen den dänesche Film bekannt gemaach, zum aneren d'Toleranzen ausgebaut. Allerdéngs gëllt et ze bemierken, datt de Lars Von Trier bei Dancer In The Dark selwer säin eegend Manifest iwwer Bord gehäit huet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Andreas Sudmann, Dogma 95. Die Abkehr vom Zwang des Möglichen. Hannover: Offizin, 2001
- Thorben Grosser, Florian Schmitz, DOGMA - The Rise And Fall of a Film Movement, Iechternach 2004, ze kréie bei den Auteuren
- DOGMA 95 im Kontext. Kulturwissenschaftliche Beiträge zur Authentisierungsbestrebung im dänischen Film der 90er Jahre, Matthias N. Lorenz, ISBN 3824445182
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (de) Méi iwwer Dogma 95 op 35millimeter.de