NGC 281
Date vum NGC 281 | |
---|---|
Stärebild | Cassiopeia |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 00h 52m 59,35s |
Deklinatioun | +56° 37' 18,8" |
Ausgesinn | |
Niwweltyp | Emissiounsniwwel |
Visuell Magnitude (visuell) | +7 m |
Wénkelduerchmiesser | 35' × 30' |
Flächenhellegkeet | |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zu | Mëllechstrooss |
Distanz | 9500 Liichtjoer |
Absolut Hellegkeet | |
Absolutten Duerchmiesser | |
Mass | |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 281, IC 11, LBN 616 |
Den NGC 281 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia, dat 9.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. An a ronderëm den NGC 281 ass den oppene Stärekoup IC 1590.
Den Niwwel ass am Index-Katalog als IC 11 erfaasst a gëtt ëmgangssproochlech well en der bekannter Pac-Man Videospill-Haaptfigur gläicht, virun allem am engleschsproocheche Raum och als Pac-Man-Niwwel bezeechent. Den hellste Member vum IC 1590, ass d'Méifachstäresystem BD +55° 191 (HD 5005). Et ass eng ioniséierend Quell vum Niwwel. Am Niwwel gëtt et och en ettlech Bok-Globulen, an deene mat Hëllef vun Infraroutfotoen Unzeeche fir Stäregebuerte konnte festgestallt ginn.
Entdeckung
Den Emissiounsniwwel NGC 281 gouf de 16. November 1881 vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: NGC 281 – Biller, Videoen oder Audiodateien |