Isfahan
Ausgesinn
Isfahan | |
---|---|
Isfahan | |
Land | Iran |
Vewaltungseenheet | Provënz Isfahan |
Awunner | 1.755.000 |
2010 | |
Fläch | 493,82 km² |
Héicht | 1500 |
Koordinaten |
32° 39’ 27’’ N 51° 40’ 36’’ E |
Telefonszon | 031 |
Postcode | 811 |
Websäit | https://isfahan.ir/ |
Isfahan, Farsi: اصفها (Eṣfahān), ass eng Stad am Zentraliran mat ronn 1.755.000 Awunner (2012) an d'Haaptstad vun der Provënz mam selwechten Numm.
Isfahan hat seng Glanzzäit ënnert der Dynastie vun de Safawiden (1501–1722), déi et 1598 zu hirer Haaptstad gemaach hunn an dofir eng Rëtsch Prachbauten a Gäert opgeriicht hunn, absënns d'Prachtmoscheeë ronderëm d'Imam-Plaz am Zentrum.
Et läit ronn 400 Kilometer südlech vun der Haaptstad Teheran eng 1500 Meter iwwer dem Mier an enger Floss-Oas am Dall vum Zayandeh Rud, um Bord vun de Zagrosbierger.
Am Süden an am Weste vun der Stad sinn d'Bachtiari-Bierger, an am Norden an am Oste läit den iranesche Plateau, deen an d'Wüsten iwwergeet.
Kuckeswäertes
- D'Alstad mat hire Palaisen, Minaretten an de bloe Kuppele vun de Moscheeën;
- d'Si-o-se Pol, eng Bréck mat 33 Béi vu 1602;
- d'Imam-Plaz mat hiren duebelstäckegen Arkade ronderëm, mat op hiren Ecken de Prachtmoscheen Masǧed-e Emām a Lotfollāh), dem Ālī Qāpū-Palais ("Héich Paart") an dem Basar um nërdleche Wupp. Si ass déi gréisst Plaz vun där Zort op der Welt a gehéiert zanter 2012, zesumme mat der Freidesmoschee vun Isfahan (Masjed-e Jāmé) zum der UNESCO-Weltkulturierwen.
Galerie
-
Ali-Qāpū-Palais]]
-
Musekzëmmer, Ali Qāpū
-
Si-o-se-Pol
-
Schāh-Moschee
-
Scheich-Lotfollāh-Moschee
-
Muqarnas-Dekor op der Entree vun der aler Freidesmoschee
-
Vank-Kathedral vun den armeenesche Chrëschten
Um Spaweck
Commons: Isfahan – Biller, Videoen oder Audiodateien |