Op den Inhalt sprangen

Bogoljubow-Indesch Verdeedegung

Vu Wikipedia
Bogoljubow-Indesch Verdeedegung
Zich 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+
ECO E11


D'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert dem Schlëssel E11 klassifizéiert.

D'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:

1. d4 Sf6
2. c4 e6
3. Sf3 Lb4+

D'Positioun no 1. d4 Sf6 2. c4 e6 ass dacks ze gesinn. Den traditionellen Zuch fir Wäiss ass hei 3. Sc3, mat der Drohung duerch 4. e4 e grousse Bauerenzentrum ze bilden. Allerdéngs gëtt dacks 3. Sf3 gespillt fir der Nimzo-Indescher Verdeedegung aus dem Wee ze goen, déi no den Zich 3. Sc3 Lb4 entstoe géng. No 3. Sf3 spillt Schwaarz normalerweis 3. ... b6 (d'Dammenindesch Verdeedegung) oder 3. ... d5 (wat zum Ofgelehntenen Dammegambit féiert), mee amplaz kann en och 3. ... Lb4+ spillen, d'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung, benannt nom ukrainesch-däitsche Schachspiller Efim Bogoljubow. Dës Erëffnung ass net esou populär wéi d'Dammenindesch Verdeedegung, mee se gëtt op jiddfer Niveau geleeëntlech gespillt.

Varianten

Wäiss huet fënnef méiglech Zich fir dem Schach ze entkommen, wouvun der awer nëmmen dräi als spillbar gëllen. De Kinnekssprénger mat 4. Sd2 dotëschent ze setzen ass schlecht, well een domat Zäit verschwend an ouni Grond e gutt plazéierte Sprénger an eng passiv Positioun bréngt. D'Damm mat 4. Dd2?? dotëschent ze setzen ass en offensichtleche Feeler, well een doduerch just Material verléiert. 4. Sc3 féiert duerch Zuchëmstellung zum Dräi-Sprénger-System vun der Nimzowitsch-Indescher Verdeedegung. Dofir sinn d'onofhängeg Haaptvarianten 4. Ld2 an 4. Sd2.

4. Ld2

4. Ld2 ass déi heefegst Variant. De Leefer op b4 ass elo ugegraff a Schwaarz muss eng Entscheedung treffen.

  • Déi einfachst Méiglechkeet ass d'Leefere mat 4. ... Lxd2+ ofzetauschen; dës Variant ass net besonnesch populär, mee se gouf dacks vum schwedesche Groussmeeschter Ulf Andersson gespillt fir e Remis ze kréien.
  • Déi heefegst Äntwert ass 4. ... De7, wouduerch de Leefer gedeckt an d'Decisioun, wat ze maachen ass, op méi spéit verluegt gëtt.
  • Den David Bronstein huet déi méi schaarf Alternativ 4. ... a5 ausprobéiert, wouduerch um Dammefligel Raum ergraff gëtt, mee dat op Käschte vu strukturelle Schwächten.
  • Eng méi modern Variant ass 4. ... c5. No 5. Lxb4 cxb4 sinn déi schwaarz Bauere verdoppelt, an ee Bauer huet sech vum Zenturm entfernt, mee de Bauer op b4 ka Wäiss och stéieren, well en dem Sprénger d'Feld c3 ewech hëlt. Deem ka Wäiss duerch 6. a3 entgéint wierken, wouduerch d'Baueren direkt ofgetosch ginn.
  • Et ass och méiglech de Leefer einfach duerch 4. ... Le7 zréckzezéien; de Verloscht vun Tempo ass an dësem Fall net ze schlëmm, well d'Entwécklung vum wäisse Leefer op d2 net déi aktivsten ass. Dës Variant ass zimmlech passiv, mee zolidd.

4. Sbd2

4. Sd2 ass eng Alternativ, déi dorop ofzielt, datt de Leefer entweder géint de Sprénger getosch oder zum Réckzuch gezwonge gëtt. Den Nodeel ass, datt de Sprénger op e Feld entwéckelt gëtt, wou en de Leefer blockéiert, an d2 ass e manner aktivt Feld wéi c3. Dës Variant gëtt am Gambit Guide als „éiergäizeg“ beschriwwen. Déi heefegst Äntwerte vu Schwaarz sinn 4. ... b6, 4. ... 0-0 an 4. ... d5.

Kuckt och