Op den Inhalt sprangen

Faksimile

Vu Wikipedia
Facsimile vun enger Säit aus dem Stricker sengem Karl der Grosse
Facsimile vun enger Säit aus dem Rudolf von Ems senger Weltchtonik

E Facsimile ass eng méiglechst präzis Kopie vun engem Buch, meeschtens vun enger aler oder wäertvoller Editioun, oder engem Dokument, wéi z.B. engem Manuskript (lat. fac - maach, simile - d'selwecht). Dobäi gëtt d'Schrëftbild esou erëmginn, wéi et am Original ass, inklusiv Biller asw., mee och z.B. Schiet um Originaldokument (Flecken, Lächer, asw.).

Et ass z'ënnerscheede vun enger Transskriptioun, wou ee just den Text an engem aneren Dokument wuertwiertlech ëremgëtt. Et gi Verlagen, déi op d'Editioun vu Facsimileë spezialiséiert sinn.

D'Wuert "Fax" ass déi amerikaniséiert Ofkierzung vun der selwechter laténgescher Wuerzel. dk:faksimile