Op den Inhalt sprangen

Archimedes (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Versioun vum 17:10, 21. Okt. 2018 vum Astro-Jupp (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Archimedes
De Moundkrater Archimedes, Foto: Apollo 15 (NASA)
Koordinaten 29°43'12"N, 3°59'24"W
Duerchmiesser 81,04 km
Déift 1600m[1]
Selenographesch Längt 4° bei Sonnenopgank
Genannt no Archimedes
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11


Archimedes ass e groussen Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um ëstlechen Ufer vum Mare Imbrium. Südlech vum Krater hieft sech d'Biergregioun vun de Montes Archimedes. Um südëstleche Rand erstreckt sech den Terrain vum Palus Putredinis, dee vun engem nom Krater genannte Rillesystem, de Rimae Archimedes mat enger Längt vu méi wéi 150 Kilometer duerchzunn gëtt. Nord-nordëstlech stinn d'Montes Spitzbergen, eng Biergketten am Mare Imbrium. Ëstlech vum Archimedes läit de Krater Autolycus. D'Mounduewerfläch tëscht dëse béide Strukturen mécht d'Ofstuerzplaz vun der sowjetescher Moundsond Lunik 2, déi als éischt robotescht Raumgefiert den 13. September 1959 d'Mounduewerfläch erreecht hat. Am Nordwesten fällt den Krater Aristillus an d'A. D'Lavafläch tëscht Archimedes, Aristillus an Autolycus bilt d'Luna-Bucht vum Mare Imbrium. Ee Mieresréck, dee beim Archimedes ufänkt, leeft iwwer dëst Moundmier an nord-nordwestlecher Richtung.

Den Archimedes ass dee gréisste Krater am Mare Imbrium. De Kraterrand weist ee mat Ausworfmaterial bedeckten baussenzege Rampli an den ieweschten Deel vun enger etageméisseger bannenzeger Mauer, awer et feelt dat Stralensystem vu jonke Krateren. En dräieckege Virbierg kuckt 30 Kilometer no Südosten.

Am Kraterkär feelt een zentrale Bierg, an hien ass vu Maria iwwerschwemmt.Opfalend Hiwwele feele komplett, et gëtt nëmmen e puer winzig Aschléi no beim Rand. Iwwer de Kraterbuedem verstreet sinn eenzel Sträifen vun hellem Stralematerial, déi héchstwahrscheinlech bei der Genesis vun Autolycus do ofgelagert goufen.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
C 31,62° N, 1,54° W7 8 km [1]
D 32,19° N, 2,7° W7 5 km [2]
E 24,99° N, 7,21° W7 3 km [3]
G 29,14° N, 8,16° W7 3 km [4]
H 23,87° N, 7,03° W7 4 km [5]
L 25,03° N, 2,62° W7 3 km [6]
M 26,1° N, 3,22° W7 3 km [7]
N 24,14° N, 3,89° W7 4 km [8]
P 25,92° N, 2,5° W7 3 km [9]
Q 28,49° N, 2,44° W7 2 km [10]
R 26,07° N, 6,62° W7 4 km [11]
S 29,53° N, 2,73° W7 3 km [12]
T 30,28° N, 5,04° W7 2 km [13]
U 32,82° N, 1,97° W7 3 km [14]
V 32,97° N, 4,03° W7 3 km [15]
W 23,79° N, 6,25° W7 3 km [16]
X 31,02° N, 8,03° W7 2 km [17]
Y 29,97° N, 9,5° W7 2 km [18]
Z 26,86° N, 1,42° W7 2 km [19]

De Satellittekrater Archimedes A krut vun der I.A.U. en eegene Numm zougewisen:

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

  1. John Edward Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-59002-7, S. 269