Op den Inhalt sprangen

Diane Adehm

Vu Wikipedia
Foto gewënscht

Wann Dir eng selwer gemaache Foto vun dëser Persoun oder vun dësem Objet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden

D'Diane Adehm, gebuer den 13. September 1970 zu Ettelbréck, ass eng lëtzebuergesch Economistin an CSV-Politikerin.

Formatioun

Nom Lycée classique de Diekirch, huet si vun 1989 bis 1994 hir Studien zu Namur op de Facultés universitaires Notre-Dame de la Paix gemaach, déi si mat enger Maîtrise an de Sciences économiques et sociales ofgeschloss huet.

2006 huet si e Master of Business Administration vun der Sacred Heart University gemaach.

Berufflech Carrière

1994 koum si bei PricewaterhouseCoopers wou si ufanks beim Departement Révision d'entreprise geschafft huet an duerno Steierberoder war.

1998 ass si bei d'Entreprise des postes et télécommunications gewiesselt, wou si als als internen Auditeur beschäftegt war.

Zanter 2006 schafft si als Auditeur bei der Cour des comptes.

Politesch Carrière

No de Gemengewale vun 2005 koum si an der Gemeng Hesper als Conseiller an de Gemengerot.

2009 huet si bei de Chamberwale op der CSV-Lëscht am Zentrum kandidéiert. Den 8. Mäerz 2011 ass si fir de Jean-Louis Schiltz als Deputéierten an der Chamber "nogeréckelt",[1] nodeem dësen sech aus der Politik zréckgezunn hat, fir sech op seng Beruffscarrière ze konzentréieren. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf si erëmgewielt.

Referenzen

  1. "Diane Adehm für Jean-Louis Schiltz" wort.lu, 08.03.2011 15:53 Uhr, aktualiséiert 08.03.2011 17:19.