Op den Inhalt sprangen

Léon Gloden

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Foto gewënscht

Wann Dir eng selwer gemaache Foto vun dëser Persoun oder vun dësem Objet hutt, déi Dir wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir s'eropzelueden

De Léon Gloden, gebuer den 9. Dezember 1972 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker a Jurist.

Vu Beruff ass de Léon Gloden Affekot. Hie war vun 2000 bis 2011 Conseiller am Gemengerot vu Gréiwemaacher a gouf no de Gemengewale vum Oktober 2011 zum Buergermeeschter ernannt.

Als Folleg vun de Chamberwale vum 7. Juni 2009, wou hien op der CSV-Lëscht am Bezierk Osten kandidéiert huet, ass hien, nodeems d'Octavie Modert an d'Françoise Hetto Ministesche goufen, an d'Chamber 'nogeréckelt', wou hien zanterhier Deputéierten ass. Hie gouf bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 erëmgewielt.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.