Bogoljubow-Indesch Verdeedegung
Zich | 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+ |
---|---|
ECO | E11 |
D'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel E11 klassifizéiert.
D'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:
- 1. d4 Sf6
- 2. c4 e6
- 3. Sf3 Lb4+
D'Stellung no 1. d4 Sf6 2. c4 e6 ass dacks ze gesinn. Den traditionellen Zuch fir Wäiss ass hei 3. Sc3, mat der Menace duerch 4. e4 e grousse Bauerenzentrum ze bilden. Allerdéngs gëtt dacks 3. Sf3 gespillt fir der Nimzo-Indescher Verdeedegung aus dem Wee ze goen, déi no den Zich 3. Sc3 Lb4 entstoe géing. No 3. Sf3 spillt Schwaarz normalerweis 3. ... b6 (d'Dammenindesch Verdeedegung) oder 3. ... d5 (wat zum ofgeleenten Dammegambit féiert), mä amplaz kann en och 3. ... Lb4+ spillen, d'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung, benannt nom ukrainesch-däitsche Schachspiller Efim Bogoljubow. Dës Erëffnung ass net sou populär wéi d'Dammenindesch Verdeedegung, mä se gëtt op jiddwer Niveau geleeëntlech gespillt.
Varianten
Wäiss huet fënnef méiglech Zich fir dem Leeferschach ze begéinen, wouvun der awer nëmmen dräi als spillbar gëllen. De Kinnekssprénger mat 4. Sfd2 dertëscht ze setzen ass schlecht, well Wäiss doduerch Zäit verléiert an ouni Grond e gutt plazéierte Sprénger an eng passiv Positioun bréngt. D'Damm mat 4. Dd2?? dertëscht ze setzen ass en offensichtleche Feeler, well Wäiss doduerch just Material verléiert. 4. Sc3 féiert duerch Zuchëmstellung zur Dräi-Sprénger-Variant vun der Nimzowitsch-Indescher Verdeedegung. Dofir sinn d'onofhängeg Haaptvariante 4. Ld2 an 4. Sbd2.
4. Ld2
- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+ 4. Ld2
4. Ld2 ass déi heefegst Variant. De Leefer op b4 ass elo ugegraff a Schwaarz muss eng Entscheedung treffen:
- 4. ... De7
- 4. ... a5
- 4. ... c5
- 4. ... Lxd2+
- 4. ... Le7
- Déi heefegst Äntwert ass 4. ... De7, wouduerch de Leefer gedeckt an d'Decisioun, wat ze maachen ass, op méi spéit verluecht gëtt.
- Den David Bronstein huet déi méi schaarf Alternativ 4. ... a5 ausprobéiert, wouduerch um Dammefligel Raum gewonne gëtt, mä dat op Käschte vu strukturelle Schwächten.
- Eng méi modern Variant ass 4. ... c5. No 5. Lxb4 cxb4 sinn déi schwaarz Bauere verduebelt, an den c-Bauer huet sech vum Zentrum entfernt, mä de Bauer op b4 ka Wäiss och stéieren, well en dem Dammsprénger d'Feld c3 ewech hëlt. Deem ka Wäiss duerch 6. a3 entgéint wierken, wouduerch d'Baueren direkt ofgetosch ginn.
- Déi einfachst Méiglechkeet ass et d'Leefere mat 4. ... Lxd2+ ofzetauschen. Dës Variant ass net besonnesch populär, mä se gouf dacks vum schwedesche GM Ulf Andersson gespillt.
- Et ass och méiglech de Leefer einfach duerch 4. ... Le7 zréckzezéien. Den Tempoverloscht ass an dësem Fall net sou schlëmm, well de wäisse Leefer op d2 net am aktivste steet. Dës Variant ass zimlech passiv, mä zolidd.
4. Sbd2
- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+ 4. Sbd2
4. Sbd2 ass eng Alternativ, déi dorop ofzielt, datt de Leefer entweder géint de Sprénger getosch oder zum Réckzuch gezwonge gëtt. Den Nodeel ass, datt de Sprénger op e Feld entwéckelt gëtt, wou en de Leefer blockéiert, an d2 ass e manner aktivt Feld wéi c3. Dës Variant gëtt am Gambit Guide als „éiergäizeg“ beschriwwen. Déi heefegst Äntwerte vu Schwaarz sinn:
- 4. ... b6
- 4. ... 0-0
- 4. ... d5
Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Bogoljubow-Indesch Verdeedegung ënner dem Schlëssel E11 klassifizéiert.
- E11: 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sf3 Lb4+
Literatur
- Steffen Pedersen: Gambit Guide to the Bogo-Indian. Gambit Publications Ltd, 1998, ISBN 1-90198-304-8