Syldawien
Syldawien (Syldavie am Original) ass e fiktivt (süd-)osteuropäescht Land, dat an der Bande-dessinées-Serie Les Aventures de Tintin vum belschen Auteur an Zeechner Hergé virkënnt.
Den Numm erënnert un eng Kontraktioun aus Transsylvanien a Moldawien. De Fändel - e schwaarze Pelikan op gielem Fong - erënnert un dee vun Albanien (Adler mat zwee Käpp op roudem Fong), wärend d'Niewendeneen am Stroossebild vu Minaretter a Kierchtierm un Ex-Jugoslawien inspiréiert kinnt sinn. D'Bierger an deem Land kéinnten d'Karpaten oder de Balkan sinn. Syldawien ass dacks a Konflikt mat sengem (och fiktiven) Nopeschstaat Bordurien.
D'Sprooch, Syldawesch, erënnert vun der Graphie hir u Polnesch; et handelt sech awer gréisstendeels ëm e schrëftlecht verballhornt Gemësch aus Bréisseler Argot a Wallounesch.[1]
Syldawien kënnt a 4 Tintins-Geschichte vir:
- Le Sceptre d'Ottokar (1939),
- Objectif Lune (1953),
- On a marché sur la Lune (1954),
- L'Affaire Tournesol (1956 - lb: D'Affaire Ditchen).
Den Zeechentrickfilm Tintin et le Lac aux Requins (1972) spillt och do.
Hommagen
Am lëtzebuergesche Film D'Symmetrie vum Päiperlek (2012) kënnt, an der 'Geschicht an der Geschicht', e Schachmeeschter aus Syldawien. Am franséische Film Dieu seul me voit (Versailles chantier) vum Denis Podalydès (1998) ësst den Haaptpersonnage am Restaurant Le Klow; eng Szeen, déi a villen Detailler mat där aus dem Sceptre d'Ottokar identesch ass.