Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Iwwer d'Wikipedia: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Briséis (Diskussioun | Kontributiounen)
Briséis (Diskussioun | Kontributiounen)
kKee Resumé vun der Ännerung
Linn 1: Linn 1:
{{WikipediaFAQ}}

'''[[Wikipedia]]''' ass en [[Encyklopedie|enzyklopedesche]] Projet vum Typ [[Wiki|WikiWiki]], fräi a gratis. Am Februar 2004 haat de Projet eng Ronn 500.000 Artikelen an 50 verschiddene Sproochen opweises. Den Inhalt vu Wikipedia steet ënnert der [[GFDL]].
'''[[Wikipedia]]''' ass en [[Encyklopedie|enzyklopedesche]] Projet vum Typ [[Wiki|WikiWiki]], fräi a gratis. Am Februar 2004 haat de Projet eng Ronn 500.000 Artikelen an 50 verschiddene Sproochen opweises. Den Inhalt vu Wikipedia steet ënnert der [[GFDL]].



Versioun vum 09:48, 16. Aug. 2004

Wikipedia ass en enzyklopedesche Projet vum Typ WikiWiki, fräi a gratis. Am Februar 2004 haat de Projet eng Ronn 500.000 Artikelen an 50 verschiddene Sproochen opweises. Den Inhalt vu Wikipedia steet ënnert der GFDL.

De Sënn vun enger Enzyklopädie ass ët, Wëssen ze resuméieren an d'Wëssen ënnerdeneen ze verbannen.

Wéini huet Wikipedia ugefangen ?

De 15. Januar 2001 huet de Projet op englesch ugefangen : http://www.wikipedia.org/ . Eise Fondateur ass den Jimbo Wales, Propriétaire vun der Firma Bomis.

Eng éischt Versioun (wou d'Originaler vun dëse Säite stungen) gouf ët kuerzfristeg op Nupedia.com (éischt Publikatioun den 10. Januar).

Den oder D'Wikipedia ?

Eigentlech steet d'Wuert Wikipedia fir dräi verschidde Saachen:

  • d'Enzyklopädie Wikipedia, woubai encyclopædia aus dem laténgesche kënnt an do weiblech ass. Och op lëtzebuergesch ass ët eng Enzyklopädie.
  • de Projet Wikipedia, fir dës Enzyklopädie ze schreiwen, den Wikipedia.
  • d'Wikipedia Software déi de Site ënnerstetzt

D'Härzstéck vu Wikipedia, d'Enzyklopädie, bidd also un, de weiblechen Term ze benotzen, also d'Wikipedia.

Wéi funktionnéiert Wikipedia ?

Kuckt heizou och: Hëllef:Wéi änneren ech eng Säit

Nom Wiki Prinzip an der adaptéierter Software MediaWiki. Am Moment schaffen eng 20 Leit bei der lëtzebuergescher Wikipedia mat, bei der englescher sin ët der e puer dausend.

Jiddfereen kann een Artikel schreiwen oder veränneren. D'Auteuren kënnen sech e Compte mat eegenem Usernumm opmaachen, mee dëst ass nët obligatoresch. Registréiert User hun eng eege Säit an extra Funktiounen zur Verfügung, zum Beispill de Suivi vun hieren Artikelen. Eigentlech sin déi meeschten Auteuren registréiert.

Wéi kann ech sécher sin, datt d'Informatiounen eppes daachen ?

Déi Fro kéint een sech eigentlech zu all Moment stellen, op mir elo Radio lauschteren, Fernseh kucken oder eben en Artikel op Wikipedia liesen. Den Ennerscheed bei Wikipedia ass, datt wann dir op eppes stousst waat ärer Meenung no falsch ass, da kënnt dir ët direkt ännere goen. Een Artikel ass oft d'Arbecht vun honnerte vun Hänn déi e getippt hun, a probéiert hun eng gudd Arbecht ze leeschten.

Weem gehéiert Wikipedia ?

Kuckt heizou och: Wikimedia

Daat ass eng gudd Fro. Bis Summer 2003 huet den w:Jimbo Wales, oder éischter séng Firma Bomis Wikipedia kommanditéiert, daat heescht d'Serveren zur Verfügung gestallt an d'ufälleg Rechnunge bezuelt. Den Jimbo gëtt och nach eisen "benevolent dictator" genannt.

Zur Zäit gehéieren d'Serveren der Wikimedia Fondatioun, déi 2003 gegrënnt gouf. Bomis stellt eis nach ëmmer d'Internetverbindung zur Verfügung.

D'Artikelen gin ënnert der GFDL publizéiert, sin also fräi, sie gehéieren der Fondatioun also nët.

Also gehéiert Wikipedia eigentlech kengem. Oder eis alleguerten zesummen. A vrun allem jidderengem Eenzelnen.

Benotzung vum Inhalt vu Wikipedia

D'Ziel vu Wikipedia ass ët, eng Informatiounssource ze schaafen a Form vun enger Enzyklopädie, déi jiddferengem gratis zur Verfügung steet. De Contenu ka kopéiert, verännert, a weiderverbreed gin, mee all nei Versioun steet obligatoresch ënnert der selwechter Lizenz a muss Wikipedia als Source ugin.

An deem Sënn stin d'Artikelen op Wikipedia ënnert der GNU Free Documentation License, déi d'Fräiheet vum Contenu garantéiert. Haaptsächlech:

  • de Contenu vu Wikipedia ass libre de droits
  • jiddfereen huet d'Recht ze kopéieren
  • jiddfereen huet d'Recht ze änneren, hei oder entzwousch anescht
  • Wikipedia muss als Source genannt gin
  • all Kopie oder Ännerung ennerläit deselwechte Konditiounen

Aner Sproochen a Projeten

Kuckt heizou och:Complete list of Wikimedia projects

De Projet gouf op englesch gestart, an no engem immense Succès sin aner Sproochen nogezunn.

Fir d'Koordinatioun tëscht de Sproochen ze vereinfachen, benotze mir Diskussiounslëschten an de Meta: http://meta.wikipedia.org/ . Et gin Ambassaden fir d'multilingual Koordinatioun.

Em déi 50 Sproochen sin aktiv, mee ët gin der allerdéngs ëm déi 150.

Wikipedia op regionalen Dialekter:

Dir kënnt ierch och d'Statistik ukucken, a mol luussen wou Lëtzebuerg steet.

Aner Projeten

Serveren, Software an Developpement

Wikipedia benotzt eng Freeware ënnert der GPL Lizenz, MediaWiki genannt, déi op http://wikipedia.sourceforge.net/ disponibel ass. De Site leeft am Moment op Linux Serveren mat Apache, PHP, MySQL an Squid.

D'Maintenance vun de Serveren an den Developpement vun der Applicatioun gëtt vu fräiwëllegen Useren mat Developer Status gemaach.

Ween dirigéiert Wikipedia ?

Keen dirigéiert Wikipedia, mee verschidden Useren hun speziell Funktiounen, daat sin d'Administrators. Sie kënne Säite läschen a blockéieren, an och en anere User spären. Administrators gin normalerweis duerch allgeméngen Accord gewielt, wann d'Noutwännegkeet besteet.

D'Bureaucrats sin lokal Administrators déi engem anere User Administrator-Rechter kënne gin. D'Stewards kënnen de Status vun all User um ganze Wikimedia Projet änneren.

Dësen administrative Status huet keng weider Konsequenzen op de concernéierte Leit hier Arbecht als Editeur.

Waat ass den Intérêt fir matzemaachen ?

Léieren an Deelen.

Funktionéiert ët ?

Ganz gudd esouguer ! Mir hun schon eng Rei Artikelen opweises an ët gin der ëmmer méi. (Kuckt heizou och d'Statistik)

Wikipedia ass déi meeschtbesichten enzyklopädesch Homepage op der Welt an och dee gréisste Wiki. D'Unzuel vun Artikelen an enger anerer Sprooch wéi englesch huet déi englesch Wikipedia ewell iwwerholl.

Sin all Wikipedias um selwechte Server ?

Jo an Nee. Bis Summer 2002 wor nëmmen déi englesch Wikipedia an der phase 3 (drëtt Versioun vun der Software) an déi aner Wikipedias woren op engem anere Server. D'Wikipedias déi an d'drëtt Phase komm sin, goufen am Hierscht 2002 lues a lues beienee gefouert.

Am Fréijoer 2003 koum en zweete Server zur Ennerstëtzung bäi, an déi englesch Wikipedia wor op e Neits vun deenen anere getrennt.

Am Hierscht 2003 sin duerch en immensen Traffic d'Käschten enorm an d'Luut gangen, an ët gin Donatiounen ugeholl.

Den 13. Februar 2004 sin 9 nei Servere bäikomm. Sie stin fir all Wikipedia zur Verfügung.

Ech hun Objektiounen zum Wikipedia-Konzept

Liest heizou Waat Wikipedia am schlëmmste Fall geschéie kéint (en).

Intern Kommunikatiounen

Fir intern mateneen ze kommunizéieren, benotze mir d'Diskussiounssäiten vun de jeweilegen Artikelen, eis eege Säiten (Userlëscht) an de Stamminet.