Mount: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k →Astronomesch Definitiounen: Unicodifying, replaced: Zeréck → Zréck using AWB |
k Bot: Ewech huelen: gl:Mes sinódico (strong connection between (2) lb:Mount and gl:Mes) |
||
Linn 80: | Linn 80: | ||
[[Kategorie:Kalenner]] |
[[Kategorie:Kalenner]] |
||
[[Kategorie:Zäiteenheeten]] |
[[Kategorie:Zäiteenheeten]] |
||
[[gl:Mes sinódico]] |
Versioun vum 06:39, 30. Jul. 2013
E Mount (vu Mound) ass eng Zäiteenheet an en Deel vun engem Joer.
Allgemeng
Jee no Definitioun ass e Mount vun ënnerscheedlecher Dauer:
- Am allgemenge Gebrauch d'Span vu 4 Wochen.
- Kalennere gebrauche Méint fir d'Zäitandeelung. Dozou gliddere si eng Zäitspan vun engem Kalennermount engem Mountnumm zou.
An eisem Kalenner dauert e Mount entweder 28, 29, 30 oder 31 Deeg. - E Mount ass am astronomesche Sënn, definéiert durch d'Zäitspan vun engem vollstännegem Ëmlaf vun engem natierlechen Trabant. Am méi enke Sënn bezitt sech de „Mount“ awer nëmmen op den Äerdmound: De Moundmount dauert jee no Definitioun tëschent 27⅓ an 29½ Deeg.
- Eng Iwwersiicht iwwer vill Uwendungen gëtt Kategorie:Mount
Grondlagen vun der Kalennerrechnung
Lunatiounen – resp. hir Moyenne, de Synodesche Mount – op der Grondlag vu gläichen Äerdmoundphase maachen d'Grondbausteng vun den éischte Kalenneren, déi Lunar- oder Moundkalenner waren, a spéider deelweis zu Lunisolarkalenner weider entwéckelt goufen. Dës Kalennere sinn och haut nach a villen Deeler vun der Welt am Gebrauch, a beispillsweis de jiddesche Kalenner, den islamesche Kalenner an den traditionelle chinesesche Kalenner bezeechnen weiderhin e Phasenduerchlaf vum Äerdmound als Mount. An der Zäit vun engem Sonnejoer leie vill Moundméint, sou datt ee bei der Aféierung vun engem Solar- oder Sonnekalenner d'Längt vun de Méint entspriechend upasse huet missen. Esou eng Bannung vun der Joreslängt un d'Dauer vun engem Äerdëmlaf ronderëm d'Sonn an déi domat verbonnene Trennung vun de Méint vum Moundlaf goufen fir d'éischt am alen Egypten am Joer 238 v. Chr. agefouert. De Julius Caesar huet dëse Kalenner am Joer 46 v. Chr. och fir d'réimesch Republik iwwerholl.
Niewent dësem julianesche Kalenner an dem gregorianesche Kalenner, deen en ofgeléist huet an haut fir déi meeschte Mënschen alldeeglech ass, sinn och nach e puer aner Sonnekalenneren am Gebrauch, bei deenen ee (Kalenner-)Mount als e bestëmmten Deel vum Sonnejoer mat enger festgeluechten Zuel vun Deeg definéiert gëtt, beispillsweis de griichesch-orthodoxe Kalenner, de koptesche Kalenner, den zoroastresche Kalenner, den iranesche Kalenner, de Malayalam-Kalenner an och verschidden südasiatesch Kalenner.
Astronomesch Definitiounen
De Mount als Period vum Äerdmound op sengem Ëmlaf ëm d'Äerd.
- Lunatioun
- D'Zäitspan vun engem Neimound zu dem nächsten Neimound. D'Lunatioun ass deen eegentlechen Ulass fir de Mountsbegrëff.
Si schwankt duerch déi komplizéiert Moundbewegung tëschent 29 d 6½h an 29d 20h.
Déi heiten astronomesch Méint beschreiwen Mëttelwäerter, déi dofir op eng Standardepoch (am Moment J2000.0) bezu sinn:
- Synodesche Mount: D'Zäit vum Zréckkommen op déi gläich Elongatioun vum Mound zu der Sonn, d'Moyenne vun de Lunatiounen.
Dauer 2000.0: 29,53 Deeg = 29d 12h 44m 3sec - Sideresche Mount: D'Zäit fir een Ëmlaf vum Mound ëm d'Äerd a Bezuch op eng fest Richtung am Raum, dat ass also eng vollstänneg Ëmkreesung relativ zu engem Stär.
Dauer 2000.0: 27,322 Deeg = 27d 7h 43m 12sec - Tropesche Mount: D'Zäit fir een Ëmlaf bezunn op de Fréijoerspunkt. Domat bezitt hie sech och op den Equator an ass den Zyklus vun der Deklinatioun vum Mound.
Dauer: Duerch d'Prezessiounsdrift vum Fréijoerspunkt ass hie ongeféier 7 s méi kuerz wéi de Sideresch Mount. - Drakonitesche Mount: D'Period vun zwéi Duerchgäng duerch deselwechten Moundknuet. Hie steet am Zesummenhang mat dem Zyklus vun de Sonnen- an Mounddäischterten (Sarosperiod).
Dauer 2000.0: 27,21 Deeg = 27d 5h 6m - Anomalistesche Mount: D'Zäit tëschent zwee Perigäumsduerchgäng noenee vum Mound, also vun engem äerdnächste Punkt zum nächsten. Den Anomalistesche Mount beschreift déi eigentlech Bunnperiod vum Mound.
Dauer 2000.0: 27,555 Deeg = 27d 13h 19m
An der Astronomie gëtt allgemeng d'Zäitspan tëschent zwou Widderhuelungen vun engem Ereegnes, dat mat dem Ëmlaf vun engem beliebegen Mound ëm säi Planéit zesummenhänkt, also all vollstännegen Ëmlaf, als Mount bezeechent.
Nimm vun den 12 Méint
Lëtzebuergesch | anere lëtz. Numm | Ofkierzung | Däitsch | Franséisch | Englesch |
---|---|---|---|---|---|
Januar | Haartmount | Jan | Januar | janvier | January |
Februar | Spierkel | Feb | Februar | février | February |
Mäerz | Lenzmount | Mäe | März | mars | March |
Abrëll | Fréileng | Abr | April | avril | April |
Mee | Bléiemount | Mee | Mai | mai | May |
Juni | Broochmount | Jun | Juni | juin | June |
Juli | Heemount | Jul | Juli | juillet | July |
August | Karschnatz | Aug | August | août | August |
September | Hierschtmount | Sep | September | septembre | September |
Oktober | Wäimount | Okt | Oktober | octobre | Oktober |
November | Wantermount | Nov | November | novembre | November |
Dezember | Chrëschtmount | Dez | Dezember | décembre | December |
Quellen
- http://wiki-de.genealogy.net/wiki/Kategorie:Kalender
- Irmscher, Johannes & Johne, Renate [Hrsg.]: "Lexikon der Antike" VEB Verlag Enzyklopädie Leipzig, 1977.
Kuckt och
- Kalennerdatum
- Kalenner (Gregorianesche Kalenner)
- Zäitrechnung (Chronologie)
Commons: Months – Biller, Videoen oder Audiodateien |