Schlëssel
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schlëssel fir op Schlässer. Fir aner Bedeitunge vum Begrëff, kuckt wgl. Schlëssel (Homonymie). |
E Schlëssel gëtt benotzt, fir e Schlass op- an zouzespären. Dofir gëtt en duerch e Schlëssellach an d'Schlass gestach, an da gëtt um Schlëssel gedréint.
E Schlëssel un enger Dier (zum Beispill Hausdier, Autosdier, oder Schafendier) gëtt benotzt fir sech géint Abréch ze schützen a fir den Zougank zu deem wat hanner der Dier ass ze kontrolléieren.
Haut si Schlëssele meeschtens aus Metall, se kënnen och elektronesch sinn a wéi e Sender funktionéieren, wéi déi meescht Autosschlësselen hautdesdaags déi d'Dier op-an zouspäre wann een op e Knäppche vum Sender dréckt oder och wéi de Keyless Go. Kaartentranponderen oder Magnéitsträifekaarte kënnen och als Schlëssel gebraucht ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Schlësselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |