Method Man
De Method Man, mat richtegem Numm Clifford Smith, gebuer den 2. Mäerz 1971 zu New York, ass en US-amerikanesche Rapper a geleeëntleche Schauspiller. Hien ass ee vun de bekanntste Membere vum Hip-Hop-Kollektiv Wu-Tang Clan an och een Deel vum Duo Method Man & Redman.
Method Man | |
---|---|
Gebuertsnumm | Clifford Smith |
Pseudonym | MethodMan / Johnny Blaze / Mr. Meth / Meth-Tical |
Gebuer |
2. Mäerz 1971 Hempstead |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Rapper, Songwriter, Museksproduzent, Schauspiller |
Member vun | Wu-Tang Clan |
Karriär
ännerenDem Method Man säin Numm kënnt vun engem Film aus dem Joer 1979 mam selwechten Numm.
Hien ass ee vun nëmmen zwéi Membere vum Wu-Tang Clan, deen e Solotitel op dem Kollektiv sengem Debutalbum Enter the Wu-Tang: 36 Chambers krut, an deen éischten deen e Soloalbum verëffentlecht huet. Tical (1994) gouf positiv vun der Kritik opgeholl[1] an huet et direkt op déi véiert Plaz vun den amerikaneschen Charts gepackt. En huet sech méi wéi eng Milliounmol verkaaft. D'Lidd All I Need gouf als eng vun de Singelen ausgekoppelt an ass en Hit ginn. E Remix dovu mam Mary J. Blidge (I'll Be There for You/You're All I Need) huet spéider e Grammy Award gewonnen.
Ëm déi selwecht Zäit huet hie Featuringen op de Placke vun anere Rapper gemaach, dorënner dem Notorious B.I.G. säi Ready to Die, dem Spice 1 säin AmeriKKKa's Nightmare, dem A.G. säi Goodfellas an dem 2Pac säin All Eyez on Me.
1997 huet hie mam Wu-Tang Clan de laang erwaarten zweeten Album Wu-Tang Forever erausbruecht, vun deem schlussendlech iwwer 8,3 Millioune Kopie verkaaft goufen. Säin zweete Soloalbum Tical 2000: Judgement Day (1998) war och erëm e groussen Erfolleg, ënner anerem wéinst de Singelen Judgment Day a Break Ups 2 Make Ups (zesumme mam D'Angelo). E behandelt vill apokalyptesch Theorien iwwer d'Enn vum 2. Joerdausend.
Duerno ass de Method Man mam Jay-Z, mam Redman, mam Ja Rule a mam DMX op Tour gaangen an huet mam Redman de Party-Album Blackout! opgeholl. Wéinst deem sengem Erfolleg sinn déi zwéin dunn zesummen a Filmer (z. B. How High) an op der Televisioun opgetrueden. Sou ware si d'Stare vun der kuerzlieweger Sitcom Method & Red. Och haut gi si wéinst deene Filmer nach mat Marihuanakonsum a Verbindung bruecht.
No de weidere Wu-Tang-Clan-Placken The W (2000) an Iron Flag (2001) huet de Method Man 2004 mat sengem drëtten Album Tical 0: The Prequel zwar e weidere kommerziellen Hit gefeiert, besonnensch wéinst dem Succès vun der Partysingle What's Happenin mam Busta Rhymes. Vill Kritiker hunn awer fonnt, datt d'Lidder sech nëmmen nach géife wéi generesche Party-Rap unhéieren an datt dem Method Man seng Musek ze vill Mainstream gi wier.[2],[3] Dowéinst huet hien entscheet, sech fir säin nächst Wierk 4:21: The Day After (2006) nees zeréck op seng Hip-Hop-Wuerzelen ze besënnen, wat d'Kritiker[4] an d'Fans gutt fonnt hunn, mä kommerziell net sou gutt ukomm ass. Et gouf keng Single ausgekoppelt a kee Museksvideo gedréint, mä dofir huet de Method Man op enger Welttournée Promo fir den Album gemaach.
2009 ass den Album Blackout! 2 mam Redman erauskomm. Duerno sinn déi zwéi Rapper op Tour gaangen. 2015 ass dunn nach dem Method Man säi fënneften Album The Meth Lab verëffentlech ginn, dee gemëscht Kriticke krut.[5]
Discographie
ännerenSoloalbumen
änneren- 1994: Tical
- 1998: Tical 2000: Judgement Day
- 2004: Tical 0: The Prequel
- 2006: 4:21... The Day After
- 2015: The Meth Lab
- 2018: Meth Lab Season 2: The Lithium
- 2022: Meth Lab Season 3: The Rehab
Kollaboratiounsalbumen
änneren- 1999: Blackout! (mam Redman)
- 2009: Blackout! 2 (mam Redman)
- 2010: Wu-Massacre (mam Ghostface Killah a dem Raekwon)
Um Spaweck
ännerenCommons: Method Man – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Method Man op Twitter
- Method Man an der Internet Movie Database
- Method Man bei Rate Your Music
Referenzen
änneren- ↑ Tical op acclaimedmusic.net
- ↑ Tical 0: The Prequel op metacritic.com
- ↑ Tical 0: The Prequel op allmusic.com
- ↑ 4:21 ... The Day After op metacritic.com
- ↑ The Meth Lab op metacritic.com