Koekelberg
belsch Gemeng
Koekelberg ass eng vun den 19 Gemengen an der Haaptstadregioun Bréissel. Et huet 21.638 Awunner (Stand: 1. Januar 2016) op just 1,17 km² Fläch an ass domat no Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node déi klengst vun de Bréisseler Gemengen.
Koekelberg | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Haaptstadregioun Bréissel |
Communautéit |
Franséisch Communautéit Flämesch Communautéit |
Provënz | keng |
Arrondissement | Bréissel |
Awunner | 21.959 (1. Januar 2020) |
Fläch | 117 |
Koordinaten |
50° 51’ 00’’ N 04° 19’ 00’’ O |
Telefonszon | 02 |
Postcode | 1081 |
Websäit | https://www.koekelberg.be/ |
Kuckeswäertes
ännerenNet z'iwwersinn ass déi an der ganzer Belsch bekannt Basilika vum Hellegen Häerz, déi um Koekelberg steet, an eng vun deene gréisste Kierche vun der Welt ass. Si ass am Ufank vum 20. Joerhonnert gebaut ginn a steet um Enn vun enger monumentaler Strooss, déi drop zouféiert.
- Hyères-les-Palmiers (26. November 1977)
- Sanlúcar de Barrameda
- Santarém
- Baaschtnech (20. Mee 2006 Frëndschaftscharta fir 175-Joerfeier vum Koekelberg)
- Kelmis (idem)
- Ieper (idem)
- Bournemouth
- Borsele
- Glostrup
- Kołobrzeg
- Woiwodschaft Pommern
Um Spaweck
ännerenCommons: Koekelberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Websäit vun der Gemeng, gekuckt den 28. August 2011