Annette Krier
D'Annette Krier, gebuer den 10. August 1937 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Turnerin an Olympionickin.[1]
Annette Krier | |
---|---|
Gebuer |
10. August 1937 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1956 |
D'Annette Krier huet bei der Gym zu Bouneweg ugefaangen zu turnen. 1954 war déi éischt lëtzebuergesch Meeschterschaft am Fraenturnen an d'Annette Krier gouf tëscht 1956 an 1965 aachtmol Landesmeeschterin (1959 an 1960 goung deen Titel un d'Liliane Becker).
Am Virfeld vun den Olympesch Summerspiller 1956, huet d'Annette Krier zu Budapest zesumme mat der ungarescher Nationalekipp trainéiert. 1956 huet si dunn – als eenzeg Fra an engem Kader vun 11 Athleten – Lëtzebuerg op de Spiller zu Melbourne vertrueden.[3] Am Méikampf koum si ënner 65 Konkurrentinnen aus 15 Natiounen op d'Plaz 59; hir bescht Übung um Buedem huet hir déi 39. Plaz abruecht.
Privates
ännerenD'Annette Krier ass d'Enkelin vum Pierre Hentges sen. an d'Duechter vun der Maisy Krier-Hentges. Si ass mam Fernand Weber bestuet, deen och an der Turnbeweegung aktiv war.
Auszeechnungen
änneren- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[4]
Kuckt och
änneren- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
änneren- Luxemburgs erste Turnerin bei Olympia – Die Turnlehrerin des Großherzogs, wort.lu, 24.07.2024
Referenzen
änneren- ↑ D'Annette Krier op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 58-59. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ D'Annette Krier op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Olympiens
- ↑ 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur