Äerduewerfläch
D'Äerduewerfläch ass d'Grenzschicht tëscht der fester Äerdkuuscht oder den Ozeanen op der enger an der Atmosphär op der anerer Säit. Si léisst sech no verschiddene Krittären an Hemisphären (vum griicheschen ἥμισυς hemisys „hallef“ a σφαῖρα sfaira „Kugel“) an Hallefkugelen andeelen, also an Hallschente vun der Äerduewerfläch.
Terrainshéichten op der Äerduewerfläch ginn op de mëttlere Mieresspigel bezunn. Dës Niveaufläch – d'Geoid – huet bal d'Form vun engem Ellipsoid an eng Uewerfläch vu 510 Millioune km², wouvu 70,8 % vu Miere bedeckt sinn.
- Kuckt heizou den Artikel Äerd
Geowëssenschaften
änneren- D'Geographie beschäftegt sech mat de Groussforme vun der Äerduewerfläch an hire Systemzesummenhäng.
- D'Geomorphologie (Deel vun der Geographie) erfuerscht déi genee Form (de Relief) vun der Äerduewerfläch a (zesumme mat der Geologie) säin Entstoen.
- D'Geodesie befaasst sech mat der Vermiessung vun der Äerduewerfläch an hirer Infrastruktur, souwéi – zesumme mat der Geophysik – mat dem Äerdschwéierfeld.
- D'Pedologie ënnersicht déi iewescht, organesch Schicht vun der Äerduewerfläch.
De Buedem ass déi iewescht Verwitterungsschicht vun der Lithosphär (Gestengsmantel) an entsteet duerch Virgäng vun der Verwitterung an der Humusbildung, bei där Aflëss vu ville Geofaktoren zesummewierken. Duerch Verwitterung an aner exogen Prozesser gëtt déi iewescht Gestengsschicht vun der Äerdkuuscht zerklengert. Jee no Grad vun der Verwitterung an de cheemeschen Eegenschafte vum Gestengs entstinn ënnerschiddlech Buedemaerten a Buedemschichten.
Glidderung no Hemisphären
änneren- Geodesie: D'Nord- an d'Südhemisphär, wéi si sech aus der Breet respektiv dem Äerdequator erginn, souwéi d'ëstlech an d''westlech Hemisphär, nom Längegrad a Funktioun vum Nullmeridian.
- Geomorphologie: D'Waasserhemisphär ëmfaasst de ganze pazifische Raum an ass zu 89 % vun Ozeane bedeckt, d'Landhemisphär ëmfaasst den atlantesche Raum an Eurasien mat ongeféier 50 % Festland.
Daten
ännerenD'Uewerfläch vun der Äerd huet 510 Millioune km².
Landfläch
ännerenDen Undeel vun der Landfläch ass ongeféier 148,9 Mio. km² (29 %); d'Land verdeelt sech op Kontinenter an Inselen:[1]
Kontinent | Landfläch | % | Küst |
---|---|---|---|
Asien (ouni Polarinselen) | 44,4 Mio. km² | 31 % | 57.000 km |
Amerika (ouni Polargebidder) | 38,3 Mio. km² | 27 % | 64.500 km |
Afrika | 29,3 Mio. km² | 20 % | 26.000 km |
Antarktika | 13,2 Mio. km² | 9 % | |
Europa (ouni Island, Nowaja Semlja, atlantesch Inselen) | 9,9 Mio. km² | 7 % | 31.460 km |
Australien (mat Tasmanien) | 7,7 Mio. km² | 5 % | 34.000 km |
total | 148,9 Mio. km² | 100 % | 356.000 km |
D'total Längt vun de Küsten ass ongeféier 356.000 km.
Waasserfläch
ännerenDen Undeel vun der Waasserfläch ass zirka 361,2 Mio. km² (71 %); d'Waasser verdeelt sech haaptsächlech op d'Ozeanen:
Ozean | % | mëttelst Déift |
---|---|---|
Pazifischen Ozean | 47 % | 3870 m |
Atlanteschen Ozean | 24 % | 3380 m |
Indeschen Ozean | 20 % | 3600 m |
Südlechen Ozean | 5 % | |
Arkteschen Ozean | 4 % |
Héichten
ännerenDéi mëttelst Héicht vun den dréchenen Äerduewerflächendeeler berechent een op ongeféier 700 m (Europa 300 m, Asien 880 m, Amerika 610 m, Afrika 660 m, Ozeanien an Australien 300 m). hiren héchste Punkt op der Äerduewerfläch ass de Mount Everest mat 8.848 Meter, den déifste fräi zougängleche Punkt vun der Äerduewerfläch ass d'Doudegt Mier, deem seng Waasseruewerfläch – an Uferberäich – 423 Meter ënner dem normale Mierespiegel läit. Déift an der Moyenne vun de Mierer läit bei 3.500 m.
Aner Himmelskierper
ännerenVerglach vun der Äerduewerfläch mat aneren Himmelskierper:
Himmelskierper | Uewerfläch a km² |
---|---|
Jupiter | 61.420.000.000 |
Saturn | 42.610.000.000 |
Uranus | 8.083.000.000 |
Neptun | 7.620.000.000 |
Äerd | 510.100.000 |
Venus | 460.200.000 |
Mars | 144.600.000 |
Merkur | 74.760.000 |
Äerdmound | 37.960.000 |
Déi total Fläch vun den 8 Planéiten aus eisem Sonnesystem ass 120 Milliarden km² grouss. Den Undeel vun eiser Äerd ass manner wéi 0,5 %.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Hemisphären – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Alle Angaben sind grobe Zahlen. Quelle: https://web.archive.org/web/20111101203355/http://www.spacenews.de/